Search

You may also like

dislike
Wat kann een aus der Weinstein-Affär a #metoo léieren?
Neiegkeeten

Wat kann een aus der Weinstein-Affär a #metoo léieren?

Et kann ee vill Schlechtes iwwert sozial Netzwierker schreiwen. Mee

What the Fakt – 1958 gouf den éischten Häerzschrëttmécher agesat
Neiegkeeten

What the Fakt – 1958 gouf den éischten Häerzschrëttmécher agesat

Et ass scho bal eng medezinesch Revolutioun: Den 8.Oktober 1958

surprise
Den LCGB fuerdert vun der Regierung méi politesch Verantwortung
Neiegkeeten

Den LCGB fuerdert vun der Regierung méi politesch Verantwortung

Um Neijoerschpatt vun der chrëschtlecher Gewerkschaft zu Schëffleng, huet den

De Bilan vun der Gesondheetskeess weist en zolitten Iwwerschoss op

Obwuel der CNS 2 Milliounen abhande komm sinn, bleift nach e Polster vun 132 Milliounen an de Bicher hänken.

De Bilan vun der Gesondheetskeess weist en zolitten Iwwerschoss op

2018 war, esou zumindest aus der Siicht vun der Gesondheetskeess, e ganz agreabelt Joer, an dat trotz dem Fait datt hinnen 2 Milliounen Euro geklaut goufen. Mat engem Iwwerschoss vun 132 Milliounen Euro klammen d‘Reserve vun der CNS op ronn 870 Milliounen Euro, wat gutt engem Drëttel vun de lafenden Ausgaben entsprécht. 2019 waren dat am Ganzen 2.876 Milliounen Euro.

Zu Lëtzebuerg, esou de Rapport, waren 2018 ronn 858.000 am „Centre Commun“ affiliéiert. Dovu sinn 65% Residenten. Interessant: d‘Zuel vun den Affiliéierten déi Resident sinn ass op 557.299 (+2%) geklommen. Am Kontext vun den Ausgaben, sinn et d‘Spidolskäschten (975,4 Milliounen Euro) déi den zweete Präis kréien. Trotzdeem och hei eng Hausse vun 6,3% géintiwwer 2017.

Am Gesondheetsberäich ass d‘Stierwe (palliativ Soinen) fir d‘CNS mat ronn 7 Milliounen, nach ëmmer ee vun den eppes méi gënschtegen Aktivitéitssecteuren am Spidolssecteur. Woubäi 2018 dëse Service eppes weider beusprocht ginn ass an eng Progressioun vun 39,5% verzeechent. Et gëtt eben net méi doheem gestuerwen, a mam „luesen Doud“ léisst sech uerdentlech Geld verdéngen.

D‘CNS hieft nach ervir, datt de Gros vun den Ausgaben nach ëmmer op d‘Soinen entfält. Wat d‘Evolutioun vun dësen Ausgaben ubelaangt, esou sinn déi och ëm 2,7% ugewuess. Bleift nach festzehalen, datt 82% vun Ausgaben op Déngschtleeschtungen entfalen déi zu Lëtzebuerg ugebuede ginn. Nëmmen 18% vun den Depensen entfalen op Servicer, déi am Ausland ugebuede ginn.

Wat déi „Laangzäit-Kranker” betrëfft, esou huet där hir Zuel sech ëm 12,8% erhéicht, wat enorm ass. Dat huet en Impakt op d‘Indemnitéiten, déi elo e Plafong vun 133 Milliounen Euro erreecht hunn. D‘Entschiedegungen déi ausbezuelt goufe fir Leit déi nach an der „Proufzäit“ waren, belafen sech op 15 Milliounen. Näischt wouriwwer ee sech misst Gedanke maachen, zumindest kuerzfristeg.

Trotzdeem gëtt do där ganz gescheiter (IDEA, den Think Tank vun der Handelskummer a Bréissel) déi vun eiser Regierung erwaarden, datt méi muss an dësem Secteur (wéi och bei de Pensiounen) privatiséiert ginn. Et wier net dem Staat seng Aufgab d‘Beiträg fir de Gesondheetssecteur ze erhiewen an ze geréieren. D‘Leit sollen sech privat dorëms këmmeren, an alles wier da méi bëlleg.

Gutt vun IDEA, wou deen eenzege Lëtzebuerger e besseren Zäitverdréif fonnt huet, kennen et vum Ausland hir net besser, an d‘EU-Kommissioun muss grad a schwéieren Zäiten den Assurancësecteur ënnerstëtzen. Et ass net dovunner auszegoen, datt déi aktuell Regierung d‘Jicken hätt op dës awer zweiwelhaft Recommandatiounen anzegoen… mee op laang Siicht sollt een domadder rechnen.

Foto: © Pressmaster

Related topics Bilan 2018, CNS, Gesondheetskeess, Iwwerschoss
Next post Previous post