Search

You may also like

Pedophilie: De laangen Otem vun de Kierchemänner
Neiegkeeten

Pedophilie: De laangen Otem vun de Kierchemänner

Am Februar 2019, zu Roum war déi grouss „Mëssbrauchskonferenz“ op

Proppert Waasser: Sécherheet ass wichteg an huet e Präisschëld ëmhänken
Neiegkeeten

Proppert Waasser: Sécherheet ass wichteg an huet e Präisschëld ëmhänken

No engem Feier an der Industriezon zu Suessem war Läschwaasser

D‘Prozesskäschtenhëllef gëtt ëm 10% ugehuewen
Neiegkeeten

D‘Prozesskäschtenhëllef gëtt ëm 10% ugehuewen

Op Propositioun vun der Justizministesch Sam Tanson (déi gréng) hat

Covid19: E Réckbléck op d’Woch vum 30. August bis den 3. September 2021

Covid19: E Réckbléck op d’Woch vum 30. August bis den 3. September 2021

Aus dem Bilan vun der Santé geet ervir, datt sech d’lescht Woch ronn 573 Persoune mam Coronavirus ugestach hunn, dovunner waren 153 komplett geimpft. D’Altersmoyenne vun den diagnostizéierte Persoune leit bei 31,7 Joer.

Et goufen 29.057 PCR-Tester gemaach. Am Verglach dozou waren et an der leschter Woch 27.349 Tester, se sinn liicht eropgaangen. 3 Schnelltester ware positiv. De 5. September goufen 1.052 aktiv Infektioune gemellt, den 29. August waren et 913. Am Ganzen ziele mir 74.361 geheelte Persounen. D’Doudesfäll am Zesummenhang mam Coronavirus leie fir de Moment bei zwee Fäll.

Den effektive Reproduktiounstaux läit bei 1,04 – en ass soumat liicht erofgaangen. Wann dës Zuel iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert. De Positivitéitstaux op allen ausgefouerten Tester läit bei 1,97%. An der leschter Woch waren et 1,98%, en ass stabil.

Inzidenz läit bei 90 Fäll pro 100.000 Awunner. An dat wärend 7 Deeg. An der leschter Woch war en op 85/100.000, en ass hei liicht eropgaangen. An de Spideeler ass d’Situatioun zimlech stabil, et sinn 19 Patienten op der normaler Statioun a 9 Patiente ginn intensiv behandelt. An der leschter Woch waren 1.240 Persounen an der Isolatioun. 820 hunn sech a Quarantän befonnt. D’Famill ass déi Plaz, wou sech am meeschten ugestach gëtt (25,2%), d’Fräizäit ass mat 6,3% dobäi an d’Reese mat 31,8%. Den Taux, dee kenger Quell zouzeschreiwen ass, läit bei 28,6%.

Impfungen:

An der Woch vum 30. August bis de 5. September gouf am Ganzen 7.401 mol geimpft. Dovunner krute well 3.757 hier zweet Dosis – an 60 Persoune kruten eng drëtt Dosis. 395.384 Persoune sinn vollstänneg geimpft.

Statioune vum Impfbus kënne reegelméisseg hei agesi ginn: www.covidvaccination.lu – De Samschdeg, den 11. September ass e vun 14 bis 18 Auer um „Ettelbrooklyn Street Fest“ E weideren ass de Samschdeg, den 11. September vu 16 bis 20 Auer um Wäifest zu Gréiwemaacher ze fannen.

Iwwerwaachung vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kontext vum SARS-CoV-2

Den Niveau vun der Kontaminatioun duerch SARS-CoV2 ass an den dräizéng Kläranlagen d’selwecht wéi an der leschter Woch – mee en ass awer e bësse geklommen. Fir dozou méi ze soen, muss dësen Trend an den nächsten Deeg oder Woche bestätegt ginn. Et bleift weider dobäi, datt e virsiichteg muss sinn. Passt op Iech op a bleift gesond.

CORONASTEP-Berichter kënnen op der LIST Websäit gekuckt ginn.

Illustratioun: © Önder Örtel / unsplash

Related topics Coronavirus, Covid19, Impfbus, Impfcampagne, Impfpass, Impfstatut, Impfstrategie, LIST, Santé
Next post Previous post