Search

You may also like

Der UN hire Polit-Krimi
Kultur

Der UN hire Polit-Krimi

Well seech keen eeschthaft mat der Lag am Myanmar schéngt

Firwat ass Bréissel eng Dréischeif vun der Faillite?
Kultur

Firwat ass Bréissel eng Dréischeif vun der Faillite?

Déi sougenannt „Phantom-Entreprisen“ gëtt et op der ganzer Welt, si

Geriichtsprozess statt Integratioun
Kultur

Geriichtsprozess statt Integratioun

D‘Duerf Riace (Kalabrien) mat sengem Buergermeeschter war an der ganzer

Bilansgespréicher: Net nëmmen e Buch, mee e wierklecht Konschtwierk

Bilansgespréicher: Net nëmmen e Buch, mee e wierklecht Konschtwierk

„De Wanter kënnt, kaf der Buch“ sot ee mer an der Redaktioun. Gutt mat der Auer déi ëmgestallt gëtt net emol déi schlechtsten Iddi. Et sollt dann awer och e richteg gutt Buch sinn, an dat soll een de Leit dierfe soe kënnen.

Mäin Häerz huet sech fir „Bilansgespréicher“ vum Fränk Muno, dem Joël Rollinger an dem Chris Warszta entscheet. Eng Publikatioun mat ongewinntem Format mee genialem Inhalt. Déi dräi Kadetten hunn dann och tatsächlech, wéi den Ënnertitel et verréit „dem Lëtzebuerger Alldag op den Zant gefillt“.

Elo dierft der iech virstellen dat ech mer kee Buch kafe wou ech dem Auteur, oder wéi an dësem Fall den Auteuren, net d‘Hand ginn an/oder e Béierchen genoss hunn. Et muss ee jo wësse wéi a firwat esou Buch geschriwwe gëtt. An d‘Geschicht ass och ëmmer nëmmen da gutt, wann ee se ganz kennt.

Wéi et esou kënnt

Datt gesond Lëtzebuerger Jongen nuets um zwou Auer am Liquid op d‘Iddi kommen iwwerhaapt emol iwwert e Buch nozedenken, dat ass net krass mee léisst de Schluss zou, datt et extrem gutt iwwerluecht ass. De Chris an de Joël hunn also bei vollem Kierperasaz d‘Weiche gestallt an d‘Resultat, wann et och e bëssi gedauert huet, ass „Mega“.

Gutt am Ufank war dat ganzt eng éischter philosophesch Ugeleeënheet, wat wëll heeschen datt ganz vill driwwer diskutéiert ginn ass. An do koum de Fränk. Dat ass de Mann mam gudden A, well hie fir d‘Fotoen (an och Texter) am Buch verantwortlech ass. Aus de Gespréicher sinn Texter entstanen an iergendwéi huet de Projet eng eegen Dynamik kritt.

Elo sollt een „Dynamik“ awer net mat „Schnell“ verwiesselen, well eppes wat gutt soll ginn, muss ee mat Rou a Beduecht dierfen ugoen. Déi dräi Auteuren hunn dann och 24 Méint un hirem Wierk geschafft an et kann net anescht, wéi einfach nëmme voller Luef sinn.

Zum Inhalt an wou‘s de et kriss

Dëst epescht Wierk, verluecht vum Verlag „Op der Lay“, ass fir all déi wou mat Humor ausstafféiert sinn, och emol iwwert sech selwer laache kënnen, an ganz niewebäi och nach e Faibel fir „Streetart“ hunn e „must have“. Hues de et net bass de selwer Schold an elo kanns de nach net emol soen du häss et net gewosst.

Bei den Texter geet et wéi gesot ëm Alldeegleches, vun Erënnerungsstécker bis just grad eben Erlieftes. D‘Texter u sech si verhältnesméisseg kuerz, mee net schnell gelies. Dat wëll elo dann awer och net heeschen dat et praktesch ass fir am Buedzëmmer d‘Zäit um Porzeläin ze verkierzen. Dat kann een zwar dohinner mathuelen, muss een awer net.

Zudeem sollt ee ganz gutt drop oppassen. Déi éischt Oplag, an dat ass ëmmer déi wou am wäertvollsten ass, besteet aus ganz genee 300 Eenheeten an esou wäit et mir bekannt ass sinn der nach eppes iwwer honnert ze kréien (also maach dech bäi). Zudeem ass dëst Buch epesch, wëll d‘Illustratioune kënschtleresch (immens) Wäertvoll sinn. Esou bëlleg kriss de ni méi eng Illustratioun vum Joël (an Zesummenaarbecht mam Fränk).

Ze kafen ass d‘Buch, wann een den Auteuren dann och wëll perséinlech d‘Hand ginn (et ass nämlech nach eng Grëtz méi wäert, wann et signéiert ass) dëse Samschdeg a Sonndeg zu Walfer am Kulturschapp vu 14 bis 18 Auer. Eng Ausstellung ass hei och nach mat dran.

Wien elo keng Loscht huet vu Réiden bis of Walfer ze lafen, awer trotzdeem bock op dëst eemolegt Erliefnes a Lëtzebuerger Sprooch kritt huet, sollt et sech am Internet (www.opderlay.com oder www.lord.lu) zum Präis vu 35 Euro plus Versand kafen.

Bilansgespréicher; Verlag OP DER LAY, L-9650 Esch-Sauer – ISBN 978-2-87967-227-4

Illustratioun: Buch Cover

Related topics Bilansgespréicher, Chris Warszta, Fränk Muno, Joël Rollinger, Op der Lay
Next post Previous post