Search

You may also like

Voll an d‘Rout
Neiegkeeten

Voll an d‘Rout

Um Weekend war um Scheierhaff zu Zolwer d‘Coupe de Luxembourg

En Joint fir den Andrew Cuomo?
Neiegkeeten

En Joint fir den Andrew Cuomo?

Am Parlament vum US-Bundesstaat New York gouf d‘Legaliséierung vum rekreative

Franséischen Deputéierte wëll Pressefräiheet begrenzen
Neiegkeeten

Franséischen Deputéierte wëll Pressefräiheet begrenzen

Een Dag nodeems et zu Minneapolis zur enger – wéi

Covid19: Bild vum Dag – Cargolux

Covid19: Bild vum Dag – Cargolux

D‘Covid19-Pandemie ass, egal aus wéi engem Bléckwénkel een et wëll betruechten a mat wéi engen Argumenter ee sech dergéint stäipe wëll, ganz reell. Datt d‘Gesiichtsmask villen ze vill, esouguer deels iwwerflësseg erschéngt an awer ee vu vill Gest Barrière ass deen déi vulnerabel schützt, bleift en onëmstéissleche Fakt.

An datt Lëtzebuerg bis ewell éischter alles richteg wéi falsch gemaach huet, sollt ee sech vu kengem muedebëtzeg maache loossen. An esou wéi vill Masken an der tëscht zum „moudeschen Accessoire“ gi sinn, esou ass d‘Mask och eng Referenz fir eist kléngt Land ginn. D‘Cargolux huet hire Boeing F400-800 mat der Registréierung LX-VCF(acemask) haut de Moien aus dem Schapp gelooss, a weist datt si net nëmmen ee grousse wirtschaftlechen Acteur ass, mee och e Betrib an deem Verantwortung anere géinteniwwer grouss geschriwwe gëtt.

Foto: De Frachter LX-VCF huet seng ganz eege Mask ugedoe kritt a vermëttelt op alle Fluchhäfen deen hien usteiere wäert, datt et richteg a wichteg ass, seng Mask unzedoen. © Cargolux

Related topics Boeing 747-800F, Cargolux, Covid19, Gesiichtsmask, LX-VCF
Next post Previous post