Search

You may also like

Éierenmedailen fir den Inneministère
Geek International Neiegkeeten

Éierenmedailen fir den Inneministère

Pünktlech zu Nationalfeierdag huet gëschter d’Inneministesch Taina Bofferding Éierenauszeechnungen un

Vereedegung vun 42 fräiwëllegen Zaldoten um Härebierg
Geek International Neiegkeeten

Vereedegung vun 42 fräiwëllegen Zaldoten um Härebierg

Bei der 38. Vereedegungszeremonie e Freideg hunn 42 fräiwëlleg Zaldote

Optakt vun der COP25 zu Madrid
Geek International Neiegkeeten

Optakt vun der COP25 zu Madrid

Nach iert et zu Madrid mat der UN-Klimakonferenz COP25 konnt

geek

Bill a Melinda Gates formatéieren sech nei

Iergendwann notzt de beschten Update näischt… dann ass et Zäit eng nei Software opzelueden

Bill a Melinda Gates formatéieren sech nei

27 Joer huet d‘Bestietnes tëscht dem Bill an dem Melinda gehalen. Elo ass et Zäit fir nei Erfarungen an esou eng Scheedung huet jo och de Virdeel, datt een emol nees an der Ëffentlechkeet steet. An Nee, et ass kee sougenannte Rousekrich a Siicht. Si hunn och wëlles weider zesummenzeschaffen, just als Koppel wéilt een sech elo nei Horizonter gënnen.

Gates

U sech verstänneg, wann ee bedenkt datt de Bill an d‘Melinda Gates op engem Verméige vu ronn 124 Milliarden Euro sëtzen. Si ginn dann elo also privat getrennt Weeër, d‘Gestioun vun der Gates-Fondatioun gëtt sech awer weiderhi gedeelt. Wann et richteg ass, datt de Bill ee vun de räichste Mënschen op der Welt ass, esou geet et och der Stëftung finanziell ganz gutt, an déi huet Ziler.

Gates

D‘Bill a Melinda Gates Stëftung ass eng mat de mächtegsten – a punkto Finanz – Fondatiounen op der Welt an huet politesch richteg vill Afloss, besonnesch bannent der chronesch ënnerfinanzéierter Weltgesondheetsorganisatioun (WHO). Si kënne jo selwer beschléisse wou d‘Geld an de Beräicher Gesondheetsvirsuerg an Entwécklung dierf agesat ginn. Dat bitt vill Raum fir Spekulatiounen…

mat indymedia/sfo

Illustratioun: © Vitolda Klein / unsplash

Related topics Bill Gates, Gates Stëftung, Influenzer, Melinda Gates, Microsoft, Milliardär
Next post Previous post