Search

You may also like

Salon Révélations zu Paräis – Ee Vernissage mat héijem Besuch!
International Neiegkeeten

Salon Révélations zu Paräis – Ee Vernissage mat héijem Besuch!

No enger éischter erfollegräicher Participatioun am Joer 2017 ass Lëtzebuerg

An nach e Sozialplang am Bankesecteur
International Neiegkeeten

An nach e Sozialplang am Bankesecteur

Aus dem gemeinsame Communiqué vun LCGB an OGBL ass ze

Wann d’Konscht Beweegungen an Impulser afänkt
International Neiegkeeten

Wann d’Konscht Beweegungen an Impulser afänkt

Ab dem Zäitpunkt, wou abstrakt Konscht hir Plaz fonnt huet,

Kanadesche Finanzminister iwwerraschend zeréckgetrueden

Ee Sträit tëscht Finanzminister Bill Morneau a Regierungschef Justin Trudeau iwwert de wichtege Konjunkturplang zur Reprise no der Coronaviruskris bréngt déi politesch Spëtzt un d‘Wackelen…

Kanadesche Finanzminister iwwerraschend zeréckgetrueden

An enger kuerzfristeg ugemellter Pressekonferenz huet de Bill Morneau säi Récktrëtt ugekënnegt. Ugesiichts der nächster Phas am Kampf géint d‘Covid19-Pandemie a bezunn op déi wirtschaftlech Erhuelung, déi sech zäitlech iwwert Jore wäert hinzéien, wier et „Zäit fir ee neie Finanzminister“. Esou déi kuerz a knapp Ausso vum kanadesche Finanzminister, deen net nëmme säi Mandat ofgëtt, mee sech och aus dem Parlament zeréckzitt.

Éischt Unzeechen zur esou engem Schratt hat et schonn déi lescht Woch ginn. Nodeems bekannt gi war, datt et tëscht dem Bill Morneau an dem Justin Trudeau oniwwerwannbar Meenungsdifferenzen zur Fro ginn hat, wéi een déi ugeschloe kanadesch Wirtschaft nees kéint op d‘Bee stellen, huet ee vu béide misse weechen. Fir der Wirtschaftskris net och nach eng politesch Kris unzehänken, huet de Finanzminister et op sech geholl, a stellt säi Mandat zur Verfügung.

Bill

Hien huet sengem Land vill gutt Déngschter geleescht a seng Decisioun d‘Regierung ze verloossen dierft him net liicht vun der Hand gaange sinn. De Bill Morneau huet e Méindeg de Medie säi Récktrëtt ouni grouss Erklärungen ugekënnegt. © William Stiles

Als Grondlag fir den Dissens tëscht béide Politiker, gëtt op de kanadeschen Haushaltsdefizit, dee nom leschte Stand bei 340 Milliarde CA$ (216 Milliarden Euro) geleeën ass, higewisen. Et dierft awer och eng Zesummenhang mat der Enquête vun der Ethikkommissioun ginn, déi leschte Mount wéinst engem ëmstriddene Regierungsoptrag un eng ONG op de Bill Morneau ausgewäit ginn ass.

D‘Regierung hat Enn Juni d‘ONG WE Charity mat der Ëmsetzung vun engem 900 Millioune schwéiere Regierungsprogramm beoptraagt. Am Kontext vun dësem Programm, erhale Studenten, déi während der Covid19-Pandemie Fräiwëllegendéngscht fir gemengnëtzeg Organisatioune leeschten, en Zouschoss vu bis zu 5.000 CA$. Ee „Gest“ dee vun der Oppositioun heftegst kritiséiert ginn ass, well de Justin Trudeau a Familljememberen ëmmer nees als Riedner vun der ONG ageluede goufen.

Bill

Déi konservativ Oppositioun huet de Ball am Fluch opgefaangen, a schonn emol ee Statement erausgejot.

Esou sollen dem Regierungschef seng Mamm, säi Brudder a seng Fra vu WE Charity, Honorairen an Héicht vu ronn 300.000 CA$ kasséiert hunn. Dat hat zolidd Welle geschloen an huet derzou gefouert, datt sech d‘Grënner vun der ONG aus der Vereenbarung zeréckgezunn hunn. De Bill Morneau, zanter 2015 kanadesche Finanzminister, huet annoncéiert sech als Kandidat fir de Poste vum Generalsekretär fir d‘OECD opsetzen ze loossen.

mat indymedia/ott

Illustratioun: © Isabel Pinéiro / unsplash

Related topics Bill Morneau, Justin Trudeau, Kanada, Konjunkturpak, politesch Kris, WE Charity
Next post Previous post