Search

You may also like

E Manifest fir den Avortement
International Neiegkeeten

E Manifest fir den Avortement

Beonrouegt duerch „d‘Opkomme vum Nationalismus an dem Konservatismus“ an de

Wou de liberale System un seng Grenze stéisst
International Neiegkeeten

Wou de liberale System un seng Grenze stéisst

Och bei déi lénk huet d‘Covid19-Pandemie, den unhänglechen Etat de

Ee Bam fir d‘Liewen
International Neiegkeeten

Ee Bam fir d‘Liewen

En Donneschdeg 27. Februar haten d‘Krapperten aus der Bëschspillschoul vun

30 Deeg Bing fir de Kremlkritiker

30 Deeg Bing fir de Kremlkritiker

Den Alexej Nawalny war de 17. Januar um Moskauer Fluchhafe Sheremetyevo festgeholl ginn, dat well hie wéinst engem Openthalt an der Berliner Charité, géint Bewährungsoplagen a Russland soll verstouss hunn. E Russescht Geriicht huet gëschter déi 30 Deeg Haft vum Kremlkritiker bestätegt.

Hien ass engem Gëftuschlag entkomm, vun deem hie behaapt datt de russesche President dësen an Optrag soll ginn hunn. Hien huet eng „Dokumentatioun“ iwwer dem neie russeschen Zar säi Palais um Schwaarze Mier gedréint. Hien ass de Fiffi vun der US- an der EU-Diplomatie… Hien… dat ass den Alexej Nawalny, en russeschen Dissident dee ganz oppe vu de Westmuechte gestäipt gëtt.

Moskau allerdéngs ass net Washington a schonn emol guer net Bréissel. Et war dann och eigentlech kloer, datt dem Alexej Nawalny seng Affekote wéineg Aussiichten op eng Fräiloossung haten. Mee et geet jo och ëm Publicity oder zumindest Propaganda (jee no Standpunkt). Zudeem ass eng gutt Geleeënheet fir divers Diplomaten, sech an Zeen ze setzen, woubäi net alles Gëllen ass wat blénkt.

Ee Spill op datt sech d‘Russe schéngen anzeloossen. Déi relativ kuerz „Verhandlung“ gouf live aus dem Geriichtssall iwwerdroen, woubäi den Ugekloten aus dem Prisong per Visiokonferenz – och a Russland hu se de Covid19 – zougeschalt war. Wéi gesot, dem 44 järege gëtt virgeworf géint d‘Reegele verstouss ze hunn, firwat eng fréier Strof op Bewährung an echt Haft verwandelt gëtt.

Et war nëmmen d‘Virspill

Wann et sécherlech richteg ass, datt d‘Urteel vu gëschter scho festgestanen hat, do war den Alexej Nawalny nach zu Berlin, esou ass et net verkéiert unzehuelen, datt dem EU-Kommissär fir baussenzeg Ugeleeënheeten, Josep Borrell, säi Protegé nach eng ganz Rei vu Geriichtsprozedure virun sech huet. Op alles wat dem Kremlkritiker virgeworf gëtt och stëmmt ass net relevant.

A Russland stinn deemnächst Parlamentswalen un, an den Zar Vladimir I huet u ganz vill Schrauwe missen dréinen, fir zimmlech sécher un der Muecht bleiwen ze kënnen. Den Alexej Nawalny géif gären an dës Walen agräifen, an zu Washington wéi zu Bréissel, ass de Wëlle grouss den Dissident an dësem „Kampf“ ze ënnerstëtzen. Dat awer ouni sech an intern Ugeleeënheeten anzemëschen.

Fir den Ament geet sech d‘Rechnung – zumindest publizistesch – fir den Alexej Nawalny an seng Unhänger op. De leschte Weekend gouf an honnerte Stied an der russescher Federatioun fir seng Fräiloossung demonstréiert. Och a villen europäesche Stied hunn Unhänger vum Kremlkritiker viru russeschen Ambassaden dem Nawalny seng Fräiloossung gefuerdert, Lëtzebuerg war keng Ausnam.

D‘Waasser um kache behalen…

Esoulaang wéi sech déi westlech Politik an d‘Medie fir de russeschen Dissident interesséieren, huet de Mouvement gutt Chancen sech ze halen, méiglecherweis esouguer auszebauen. Ob et, wéi dat vun den Organisateure behaapt gëtt, tatsächlech 300.000 Mënsche waren, déi de leschte Weekend a Russland protestéiert hunn? Bei enger Bevëlkerung vun 146 Millioune Russen, irrelevant…

An awer ass et schonn esou eppes wéi eng kritesch Masse (bei der TNS-Ilres si jo manner wéi 1% nach ëmmer „representativ“). Déi „kritesch Mass“ bezitt jo neierdéngs net op d‘Unzuel vun de Leit déi sech un enger Initiativ bedeelegen, mee villméi op de publizisteschen Impakt (och an de soziale Reseauen) vun dëser. Ob et ëmmer muss Sënn maachen? Eigentlech net, et geet och ëm de Goss…

Nodeems dat gekläert ass, muss nach drop higewise ginn, datt och de repressiven Ëmgang säitens der Regierung, net nogelooss huet. E Mëttwoch hat et eng gréisser Zuel u Perquisitioune ginn. An dësem Kontext gouf dem Dissident säi Brudder Oleg verhaft (Verstouss géint Hygiènesreegelen). Och weider „Mataarbechter“ si verhaft ginn, esou och nees d‘Juristin Ljubow Sobol…

mat indymedia/mow/tlv

Illustratioun: © Aleksandr Buynitskiy / unsplash

Related topics Alexej Nawalny, Bewährungsoplagen, Dissident, Kremlkritiker, Prisong, Russland
Next post Previous post