Search

You may also like

Mënscherechtskommissioun mat der Äntwert vum Minister onzefridden
Neiegkeeten

Mënscherechtskommissioun mat der Äntwert vum Minister onzefridden

No der Verëffentlechung vum Rapport, an deem d‘Opnamekonditioune vun den

Editorial: Show oder Noutwennegkeet
Neiegkeeten

Editorial: Show oder Noutwennegkeet

Datt sech unhand den erschreckend steigenden Zuele bei de Covid19-Neiinfektioune

De CSJ-Walkongress 2021
Neiegkeeten

De CSJ-Walkongress 2021

Och de Walkongress vun der CSV-Jugend (CSJ) gouf am virtuelle

Bio & lokal ass ideal: Eng edukativ a gläichzäiteg lecker Campagne

Bio & lokal ass ideal: Eng edukativ a gläichzäiteg lecker Campagne

Vum 26. Abrëll bis de 7. Mee 2021 organiséiert Restopolis, de Lëtzebuerger Restauratiounsservice fir Schoulen an d’Universitéit, seng Themenwoch „Bio & lokal ass ideal“. Wéi den Numm et scho vermudde léisst, stinn an de Kantinnen a Cafeteriaen lokal Platen mat biologeschen, an hei am Land ugebaute Liewensmëttel am Fokus.

Vu Bréidercher, iwwert Mëllechproduiten, bis hin zu Mëtschen, preparéieren a verkafen d’Ekippe vu Restopolis schonn zënter September 2020 all Dag e grousse Choix u lokale Produiten. Mat dëser Campagne gëtt d’Initiative nach weider verdéift, an esou wäerten „Gromperenzalot mat Wirtschtercher“, „Kniddele mat Geméis“ an de „Gefëllte Streisel“ net nëmmen d’Bewosstsinn fir eis national Iesskultur stäerken, mee och op de biologeschen a lokalen Ubau hiweisen.

Dobäi gëtt et eppes géint den Honger an den Duuscht, ma och eppes fir de Kapp. Den Edukatiousministère huet nämlech passend heizou eng edukativ Broschür erstallt. Zousätzlech gëtt op www.restopolis.lu ee Quiz ugebueden, bei deem een flott Präisser gewanne kann. Weist der Ekipp mat enger Foto, wéi Är Kniddele mat Speck ausgesinn an deelt Är Rezepter zu anere Platen. Dat interessantst Rezept wäert Restopolis a senge Restauranten zerwéieren.

Bio & lokal ass ideal
Restopolis / Facebook

Informatiounen zu de lokale Produzenten a Partner, sou wéi Iddien wat ee kache kéint, ginn all Dag op der Säit vu Restopolis, sou wéi op de soziale Medien verëffentlecht.

Related topics Bio & lokal ass ideal, Broschür, Cafeteria, Educatiounsministère, gefëllte Streisel, Iesswueren, Kantinn, Kniddele mat Speck, lokal Platen, Quiz, Restopolis
Next post Previous post