Search

You may also like

ALAN KURDI zu Olbia festgesat 
Business Neiegkeeten

ALAN KURDI zu Olbia festgesat 

E Freidegowend huet déi italienesch Küstewuecht d’ALAN KURDI no enger 8

Thomas Cook faillite, an elo?
Business Neiegkeeten

Thomas Cook faillite, an elo?

Wéi krass ass dat dann? De briteschen Tour-Operator Thomas Cook

Dateschutz: D’Reklamatiounen hu sech 2018 verduebelt
Business Neiegkeeten

Dateschutz: D’Reklamatiounen hu sech 2018 verduebelt

Déi national Dateschutzkommissioun (CNPD) huet gëschter hire Rapport vum Joer

Wéi gesäit et mam Bio-Maart zu Lëtzebuerg aus?

Wéi gesäit et mam Bio-Maart zu Lëtzebuerg aus?

Dëser Fro ass de Fuerschungsinstitut fir biologesche Landbau FiBL an IFOAM nogaangen. Si hunn kierzlech eng Etüd erausbruecht, déi sech genee domat beschäftegt.

Si heescht “The World of Organic Agriculture“. An där Studie stinn déi neiste Statistiken zum weltwäite Biolandbau an dem Bio-Maart entahlen. Och europäesch Länner a Lëtzebuerg hunn hier Plaz dra fonnt, an et gesäit nawell positiv aus.

Bio-Produkter stellen de Moment e Marché am dräistellege Milliardeberäich duer, eis Noperen Däitschland a Frankräich mee och d’Amerikaner hunn sech hei eng grouss Avance verschaaft.

Wat de weltwäite Verglach am Bio-Zouwuess ugeet: Lëtzebuerg sëtzt mat 18% op der éischter Plaz, direkt hannendrun ass Frankräich mat 13%. Och beim Konsum ass dëse positiven Trend ze gesinn, Lëtzebuerg huet sech entwéckelt a läit mat 265€/op de Kapp op der drëtter Plaz. Dänemark ass mat 344€ op der zweeter Plaz gelant, d’Schwäiz ass, mat 342€ e Rang besser wéi am leschte Joer.

D’Produktiounsfläch fir biologesch Wueren (4-5%) ass am Verglach mat anere Länner, wéi och a Bezuch op Lëtzebuerg selwer zimmlech geréng. 2019 gouf en Ëmsaz vun ongeféier 160 Millioune gemaach. Och weltwäit konnt een 2020 eng Hausse erkennen. Erkläert gëtt dës Hausse, well duerch d’Pandemie méi héich Qualitéitsuspréch entstane sinn. Iwwerall gëtt d’Bio-Sortiment erweidert a verschidde Butteker hunn sech haaptsächlech op Bio spezialiséiert.

Den Naturata ass zënter 1989 zu Lëtzebuerg ee besonnesch aktiven Acteur an dësem Beräich an huet, zesumme mat Partenairë vill zu dësem Wuesstem bäigedroen. De Motto „Fair a kooperativ mat de Bio-Baueren“gouf fir d’Bio-Baueren opgebaut. Dat soll, ënnert anerem biologeschen a biodynamesche Liewensmëttel eng gewësse Sécherheet garantéieren, sou datt héich Qualitéit an Produktiounsstandarden honoréiert ginn. Dës Méiglechkeeten a fair Bedéngungen, ginn duerch järlech Gespréicher mat alle Parteien, ofgeséchert.

Dat spillt bis haut eng wichteg Roll an der Entwécklung vum Bio-Maart zu Lëtzebuerg. D’Erausfuerderung wäert sinn, déi héich Nofro duerch eng genee sou héich Offer ze garantéieren. Ma dozou muss déi biologesch Notzfläch klammen, an de Secteur muss deementspriechend gefërdert ginn.

Illustratioun: © Monika Grabkowska / unsplash

Related topics Bio-Baueren, Bio-Maart, Biolandbau, FiBL, IFOAM, Naturata
Next post Previous post