Search

You may also like

E positive Joresbilan vir den ACL
Neiegkeeten

E positive Joresbilan vir den ACL

Bei der Generalversammlung vum Lëtzebuerger Automobilclub (ACL) sinn den Aktivitéitsbericht

D’CGFP konfrontéiert de Beamteminister mat Moossnamekatalog
Neiegkeeten

D’CGFP konfrontéiert de Beamteminister mat Moossnamekatalog

Och wann d’CGFP bis ewell net an d’Exit-Strategie vun der

De Realitéite Rechnung droen (erkläert)
Neiegkeeten

De Realitéite Rechnung droen (erkläert)

Mëtt Abrëll hat den Deputéierte Sven Clement (Piraten), eng Motioun

Biodiversitéit ass eis Liewensgrondlag, dofir muss sech agesat ginn, och politesch

Biodiversitéit ass eis Liewensgrondlag, dofir muss sech agesat ginn, och politesch

Gëschter huet d‘Asbl natur&ëmwelt en zolitte Fuerderungskatalog virgeluecht, deen si alle politeschen Acteuren zu Lëtzebuerg un d‘Häerz leeën. Fuerderungen, déi am Hibléck op d‘Chamberwahlen am Oktober, och an de Programme vun de Parteie sollten erëmfonnt ginn.

Fir de Roby Biwer, President vun der Asbl natur&ëmwelt, ass den dramatesche Réckgang vun der Biodiversitéit zu Lëtzebuerg, e Grond fir sech och politesch fir e besseren Natur- an Ëmweltschutz ze engagéieren. Dofir kritt all Deputéierten eng Kopie vum Fuerderungskatalog zougestallt. Hie betount awer, datt mat dëser Regierung a ville Beräicher siichtbar Fortschrëtter gemaach gi sinn.

Et gëtt sech erhofft, datt d‘Naturschutzgesetz am Mee um Krautmaart ugeholl gëtt. Beim Buedemschutzgesetz dat ugeholl ginn ass, hätt et eppes „méi dierfe sinn“, mee am grousse ganze bewäert een d‘Gesetz positiv. Iwwerhaapt, stellt de Roby Biwer fest, datt et mat dëser Koalitioun, duerch d‘Presence vun déi gréng, méiglech war déi „gréng Politik“ am Land ze stäerken.

Vertrauen ass gutt, sech këmmeren ass besser

Firwat eng Organisatioun, déi sech eigentlech net als politeschen Acteur gesäit, genéidegt fillt, am Virfeld vun de Chamberwalen de Parteien „eppes mat op de Wee“ ze ginn, huet vill Grënn. Een dovunner ass de Constat, datt „et hautdesdaags net méi duer geet ze zielen an ze observéiere fir de Schued festzestellen. D‘Ursaachen si bekannt a méi wéi jee ass een decidéiert eng ze ënnerhuelen“.

Sënn a Zweck vun dëser Aktioun, fir déi e sech mam Laure Cales Verstäerkung „an d‘Boot geholl“ huet, ass sécherzestellen dat den Natur- an Ëmweltschutz och weiderhi vun der Politik eescht geholl gëtt. Villes kann am Kader vum gewollte Wuesstem an der Landesplanung gemaach ginn, ouni datt een den eegene Liewensraum zerstéiert. Et ass also net verkéiert wann een en A drop hält.

Sechs zentral Fuerderungen

D‘Asbl natur&ëmwelt huet sech de Fuerderungskatalog net aus dem Handgelenk gerëselt. Hei ass sech iwwer zwee Méint dann och méi wéi nëmme Gedanke gemaach ginn. D‘Laure Cales ass an den Detail gaangen, an esou dierf op dëser Plaz behaapt ginn, datt dat wat gefuerdert gëtt, Kapp a Fouss huet. Mat de sechs Fuerderunge gëtt et och ëm d‘Liewensqualitéit vun de Residenten.

Et soll a ka keen onbegrenzte Wuesstem ugestrieft ginn, deen zu Laaschte vun der Aartevillfalt geet. Dofir gëtt eng intelligent Landesplanung mat dräi Verdichtungszentre gefuerdert. Grousse Wäert gëtt och op eng zukunftsfäeg Agrarpolitik geluecht. Landwirtschaft dierf net nëmmen de Produzenten a Konsumenten entgéint kommen, se muss och am Aklang mat der Natur stoen.

Dofir fuerdert d‘Asbl natur&ëmwelt net manner wéi 20% Biolandwirtschaft bis 2025. Eng Fuerderung déi sech an dëse Kontext afüügt, awer och bei der „konventioneller Landwirtschaft“ nëmme Virdeeler kann hunn: Schluss mat de Pestiziden! Fir unzefänke sollen dann och, dat gëtt sech vun der Politik erwaart, déi geféierlechst Substanzen einfach verbuede ginn.

Weidermaache wéi bis ewell, ass keng Optioun

Wann erkannt ginn ass, an d‘Fakten ne bestridde ginn, datt Pestiziden eng existenziell Gefor fir vill Vullenaarten, Insekten (virun allem Beien – Stéchwuert Nikotinoïden) a bal der Hallschent vun alle Planzenaarten op den Agrarfläche sinn, sollt engem e Liicht opgoen. Manner Pestiziden kommen dann och dem Waasser entgéint. Mir hunn nach just 5% vun de Fléissgewässer déi gutt sinn.

Dofir fuerdert d‘Asbl natur&ëmwelt, datt déi an der „Wasserrahmenrichtlinie“ virgesinne Moossname mat aller Konsequenz ëmgesat ginn, an d‘Waasserqualitéit iwwerhaapt nohalteg verbessert gëtt. Eng Fuerderung déi och am Aklang mat der Fuerderung, datt d‘Gestiounspläng vun den „Natura 2000“ Gebidder endlech musse fäerdeggestallt ginn.

An eppes wat op de éischte Bléck verwonnert, déi heite Fuerderung: „Erneierbar Energie? JO! – Op Käschte vum Naturschutz? NEE!“. An Zäite vum Klimawandel sinn Initiative wichteg. Wann een awer Moossnamen ergräift déi d‘Biodiversitéit a Fro stellen, mécht ee méi Falsch wéi e gutt ka maachen. Energie aspueren ass e bleift also déi beschte Léisung.

Wien Hëllef brauch, deem ka gehollef ginn

De Roby Biwer léist op eis Fro net gëllen, datt d‘Asbl natur&ëmwelt nëmme Fuerderunge stellt. Wa Politiker d‘Fuerderunge behäerzegen, mee sech eventuell „iwwerfuerdert“ fillen, esou kann ee sech un een Dësch setzen, well u Léisungsvirschléi feelt et net. Iwwerhaapt sollt d‘Politik net zécken op d‘Expertise vun der Asbl natur&ëmwelt zréckzegräifen, dofir sinn se jo och do.

Wiem bei de ganze Fuerderungen opfält, datt de Konsument hei net ugeschwat ginn ass, esou huet och dat eng Ursaach. Engersäits, geet et hei ëm grondsätzlech Fuerderunge vun der Asbl. Wat de Volet „Konsument“ ugeet, esou gëtt dëse mat grousser Wahrscheinlechkeet vum Mouvement „meng Landwirtschaft“ couvréiert, an d‘Asbl natur&ëmwelt ass hei Member.

Foto: D‘Laure Cales, Responsabel Projets & Campagnes (l) mam Roby Biwer, President vun der Asbl natur&ëmwelt, sinn iwwerzeegt, datt een der Politik, besonnesch viru Chamberwalen, roueg emol e puer Fuerderunge ka mat op de Wee ginn. © Martine de Lagardère/moien.lu

 

Related topics Chamberwahlen 2018, Fuerderungskatalog, Laure Cales, Natur an Ëmwelt, Roby Biwer
Next post Previous post