Search

You may also like

Chômage Partiel: Nach bis den 1. Februar hutt Dir Zäit
Neiegkeeten Stories

Chômage Partiel: Nach bis den 1. Februar hutt Dir Zäit

De Konjunkturcomité, deen ënnert der Co-Presidenz vum Aarbechtsminister Dan Kersch

Mat Steiererhéijungen d‘Gesondheetsreform finanzéieren
Neiegkeeten Stories

Mat Steiererhéijungen d‘Gesondheetsreform finanzéieren

Dat brittescht Ënnerhaus huet déi gréisste Steiererhéijung zanter Jore beschloss,

EU-Kommissioun: D’Strategie fir Mënsche mat Behënnerung (2021-2030)
Neiegkeeten Stories

EU-Kommissioun: D’Strategie fir Mënsche mat Behënnerung (2021-2030)

Gëschter huet d’Europäesch Kommissioun seng Strategie fir d’Rechter vu Mënsche

Biodiversitéit betrëfft eis all, net nëmmen d‘Landwirtschaft

Biodiversitéit betrëfft eis all, net nëmmen d‘Landwirtschaft

De Fräie Lëtzebuerger Bauereverband (FLB), hat am Fréijoer mat de politesche Parteien oppen an intensiv Gespréicher am Bezuch op d‘Zukunft vun der nationaler Landwirtschaft. Heibäi gouf da vun de FLB-Vertrieder zeréckbehalen, datt eng Abezéiung vun der praktescher Landwirtschaft an den Entscheedungsprozess vum Agrargesetz zwéngend noutwenneg ass.

Um Donneschdeg huet d‘FLB sech nach emol un d‘Medie gewannt, fir eng generell Fuerderung an de Raum ze stellen: „Et brauch eng Fair an ausgewoen Diskussioun an der Gesellschaft, wéi an der Politik, déi vun de Medie soll gestäipt ginn. Et ka sech net ugoen, datt ëmmer wa vu Biodiversitéit rieds ass, d‘Landwirtschaft un de Pranger gestallt gëtt. Hei misst schonn eppes differenzéiert ginn.

Biodiversitéit

Si bestreide sécher net, datt eng intensiv Landwirtschaft, wéi och den Asaz vu Planzeschutzmëttel an Dünger, sech op déi biologesch Villfalt auswierkt, ginn dann awer ze bedenken, datt hei am Land, d‘Baueren zanter Joren am Begrëff sinn, sech net nëmme Verbal fir ee bessere Schutz vun Natur an Ëmwelt asetzen. U Beispiller feelt et tatsächlech net, ee puer sollt een hei ernimmen:

  • Et huet eng generell Reduktioun vum Asaz vu Planzeschutzmëttel, bevirzucht gi selektiv Pestiziden, mat deenen nëmmen d‘Zilorganisme bekämpft ginn;
  • d‘Flächen déi vun der biologescher Landwirtschaft genotzt ginn huele weider zou;
  • de Bestand vun den Déieren ass iwwer déi lescht Joren éischter Konstant bliwwen;
  • et ginn Oasen (déi sougenannt Bléi-Sträifen) geschafen, fir datt d‘Insekten och zu hirem Undeel kommen;
  • d‘Entwécklung vun der mechanescher Onkrautbesäitegung dréit éischt Friichten;
  • avm.

Mam Naturschutzgesetz gëtt sech géint de Verloscht vun der Biodiversitéit gewiert, an esou muss all Agrëff, deen en direkten Impakt op déi biologesch Villfalt huet, kompenséiert ginn. Dat ass u sech net verkéiert, woubäi d‘FLB ze bedenke gëtt, datt dës Kompenséierungsmoossnamen nëmmen op landwirtschaftlechen Notzflächen ugewannt ginn. Wirtschaftlech gesinn ass dat net nohalteg.

Hei proposéiert d‘FLB, datt zukünfteg d‘Vernetzung vun de wichtegen natierleche Liewensraim soll ënnerstëtzt ginn, fir landeswäit ee biologesch wäertvolle Korridor ze schafen. Et soll een an Zukunft der Landwirtschaft keen héichwäertege Buedem méi entzéien. Zudeem sollt een och déi aner, fir de Verloscht vun der Biodiversitéit aktiv Acteuren/Ursaachen net stänneg hannerwands halen.

Wien sinn dann déi aner?

Datt sech de Klimawandel ganz selbstverständlech och feindlech géintiwwer der Biodiversitéit verhält, sollt aliichtend sinn, firwat d‘Verursaacher vun der Äerderwiermung och sollte genannt ginn: dat sinn d‘Erzeugung vu Stroum an Hëtzes mat fossille Brennstoffer (42%), den Transport (25%) an d‘Industrie (19%). Donieft sollt een den Demographesche Wandel net vergiessen.

D‘Zuel vun de Residenten am Land huet sech an de leschte Jore quasi verduebelt an d‘Kris vum Logement verlaangt eng Auswäitung vun der Urbaniséierung. An nach gëtt einfach net genuch an d‘Héicht gebaut, wat dann nees zur Konsequenz huet, datt ëmmer méi Gréngflächen a Bëscher verluer ginn. Och dat huet ee ganz erhieflechen Impakt op d‘Biodiversitéit. Mee et gëtt nach besser.

Wie berécksiichtegt den Afloss vun der Liichtverschmotzung? Ëmmerhin si gutt d‘Hallschent vun den Insekten nuetsaktiv. A wéi steet et mam Waasser? Et gëtt ëmmer vill an intensiv vun den Nitrater geschwat déi d‘Landwirtschaft dësem géif zouféieren. Wat awer ass mat de Réckstänn vun de Medikamenter (all zweeten entsuergt dës net korrekt) déi vun de Kläranlagen net besäitegt ginn?

Dës a vill aner Themen (wéi beispillsweis den Impakt vun der magnéitescher Strahlung am Kontext vu 5G mee och den Impakt vun den invasive Planzen an Déierenaarten) sollten eis folgerichteg ze bedenke ginn, datt nëmmen eng gemeinsam Strategie, eis aus dësem ganz reellen Dilemma féiert. Hei just de Landwirt an d‘Verantwortung ze huelen, bréngt eis enger Léisung net méi no…

Wann iech dëse Beitrag interesséiert huet an dir um Lafende wëllt bleiwen, wat der Verband soss alles déi ganzen Zäit esou dreift, da follegt dem Fräie Lëtzebuerger Bauereverband (FLB) op Facebook ënner: https://www.facebook.com/FraieBauer.

Illustratioun: © Jeb Owen / unsplash

Related topics Biodiversitéit, FLB, Fräie Lëtzebuerger Bauereverband
Next post Previous post