Search

You may also like

Vum Sportsterrain an d’Wäiriewen
Business Neiegkeeten WTF

Vum Sportsterrain an d’Wäiriewen

Heiansdo sinn e puer Wandlunge méi erstaunlech, wéi anerer. De

money
Den Handelskrich ass erkläert a steet beim kanadesche G7-Sommet am Mëttelpunkt
Business Neiegkeeten WTF

Den Handelskrich ass erkläert a steet beim kanadesche G7-Sommet am Mëttelpunkt

Nodeems d’US-Administratioun sech fir Douanestaxen op Stol an Aluminium entscheet

What the Fakt – D’Doudesstrooss vu Kuwait 1991
Business Neiegkeeten WTF

What the Fakt – D’Doudesstrooss vu Kuwait 1991

Zur Zäit vum Zweete Golfkrich ass eng Strooss tëscht Kuwait

surprise

BioneXt LAB: beim Goss Hält de Spaass op

BioneXt LAB: beim Goss Hält de Spaass op

Et huet Entreprisen am Land, déi sinn net vun dëser Welt, woubäi natierlech och si d‘Recht hunn wéi all aner behandelt ze ginn, dat besonnesch dann, wann et ëm Regierungsopträg geet. Gutt et kann och um gesamte Montant an den Enveloppe geleeë sinn…

Zanter ee Mëttwoch si bekanntlech d‘Testzenter am Kontext vum Flächendeckenden Test (LST Vergaangenheet zou. Laut de leschten offziellen Informatiounen déi eis virleien, hunn déi dräi Phase vum „Projet“ iwwer 150 Milliounen Euro verbrannt. An et schéngt wéi wann d‘Häre vu BioneXt LAB net genuch oder gläich guer kee Stéck vum Kuch ofkritt hätten. Déi sinn elo mächteg béis.

Si hunn an dësem Kontext gëschter eng Pressekonferenz ofgehalen, an där si engersäits däitlech Kritik un der Vergab vum Screening un déi vereenegt Laboratoire (also de Spideeler Robert Schuman – HRS, vum fréiere CSV-Minister Jean-Louis Schiltz) an un Ecolog, enger Entreprise mat zweiwelhaftem Ruff, déi vum Finanzjongleur Nazif Destani gegrënnt gouf. Mee wat wëllen si?

Fir de Patron vu BioneXt LAB, Dr. Jean-Luc Dourson, geet am presente Fall faktesch net ëm d‘Afrostelle vum Screening an de gratis Tester (Bei him kascht et allerdéngs 29 Euro – NvdR), villméi ass him a senge Juristen opgefall, datt d‘Konditiounen ënnert deenen dës ëffentlech Marchéë vergi goufen „diskutabel“ sinn. BioneXt LAB zitt elo géint d‘Regierung viru Geriicht.

Den Dr. Jean-Luc Dourson, deen awer wéi d‘Cheffe vun de „Laboratoires Reunis“ & „Ecolog“ och säi Porsche ënnert dem Chrëschtbeemche wëll stoe gesinn, behaapt sech drop, datt et an dësem Kontext keng Ausschreiwung ginn huet an zudeem een exklusive Partner den Jackpot zougedroe kritt hätt. Jo dat kann een esou behaapten, mee et gouf sengerzäit eng séier Decisioun benéidegt.

Wann et sécher net verkéiert ass, dat de Fransous hei viru Geriicht zitt, fir d‘Soumissioun a Fro ze stellen, esou ass et net manner richteg, datt d‘Regierung sech een „nationale“ Partner an der Nout zur Säit geholl huet. BioneXt LAB mat sengen 22% Maartundeel hätt de Volume jo net gestemmt kritt. Jo elo kann ee mengen, datt et gutt gewiescht wier eppes ze deelen, mee dat ass komplizéiert.

Mëtt Oktober eng éischt Sëtzung?

Vill Gejéimers fir um Enn beschtefalls Aussiicht op eng Entschiedegung ze hunn, woubäi et scho ka sinn, datt BioneXt LAB tatsächlech 1,5 Milliounen Euro investéiert huet fir dës Tester an/oder de Screening realiséieren ze kënnen. Geld dat si sech hu misse bei d‘Bank léine goen a fir dat et keng Staatshëllef gëtt. Dat soll dann elo de Steierzueler iwwerhuelen, fir dee setzt ee sech jo hei och an.

Dräi Affekoten – déi dierften ugesiichts dem finanzielle Verloscht den Dossier Benevol ophuelen – préiwen elo, ob den Duo Bettel/Lenert géint d‘Virschrëfte vun den Ausschreiwungen (national) an de staatleche Bäihëllefen (europäesch) verstouss hunn. Donieft soll och gepréift ginn, ob déi zwee LST-Acteuren iwwerhaapt eng gesetzlech Zouloossung fir d‘Duerchféiere vu Screenings besëtzen.

Am Gesondheetsministère wëll/kann een den Ament keng Positioun zum Virstouss säitens BioneXt LAB huelen – also zumindest net offiziell – well et jo ee lafend Verfaren ass, an den 12 Oktober eng éischt „Entrevue“ viru Geriicht geplangt. Hanner virgehalener Hand awer gouf erkläert, dat hei och ëm „Reklamm“ an eegener Saach geet. Dank dësem Prozess, kritt BioneXt LAB vill Visibilitéit.

Dat ass net verkéiert, an et kann een bei gewësse Medien och ee klenge „parti pris“ ausmaachen. Woubäi dat jo „de bonne guerre“ ass. Hei gëtt et vill Nieweneinamen ze maachen, an de Profit ass alle gemeng. Ob elo d‘Regierung richteg oder falsch gehandelt huet? Loosse mir emol ofwaarden, jiddefalls huet BioneXt schonn emol déi éischt Medieschluecht fir sech kënnen entscheeden…

Illustratioun: © JP Vasléry / unsplash

Related topics Ausschreiwung, BioneXt LAB, Ecolog, Geld, Gesondheetsministère, Laboratoires Réunis, Prozess
Next post Previous post