Search

You may also like

Loscht op en Tour mam Vëlo?
Neiegkeeten

Loscht op en Tour mam Vëlo?

Den Drotiesel féiert dëst Joer säin 200. Gebuertsdag. Net deen

Eng Gay Pride fir de Viktor Orban
Neiegkeeten

Eng Gay Pride fir de Viktor Orban

An Ungarn gouf gëschter déi alljäerlech „Budapest Pride“ ofgehalen, a

Fête de Wallonie: De Xavier Bettel iwwert Europa an d’Digitaliséierung
Neiegkeeten

Fête de Wallonie: De Xavier Bettel iwwert Europa an d’Digitaliséierung

Op Invitatioun vum wallounesche President Jean-Claude Marcourt huet um vergaangene

Bannesécherheet: Regierung wëll bis 2022 d‘Police nei opstellen

607 Kaderbeamten an 240 Ziviliste sollen d‘Police Lëtzebuerg verstäerken

Bannesécherheet: Regierung wëll bis 2022 d‘Police nei opstellen

Bei der Entrevue vum 12. Juli, tëscht dem Minister fir Bannesécherheet, François Bausch (déi gréng) an de Vertrieder vun de Police-Gewerkschaften (SNPGL, ACSP, APUC, APPJ, SPCPG) sollen sech, esou d‘Informatioun aus dem Ministère, déi verschidde Parteien op en ëmfaassende Rekrutéierungsplang gëeenegt hunn.

Hei heescht et, datt iwwert den Zäitraum 2020-2022 insgesamt 847 nei Mataarbechter fir d‘Police solle rekrutéiert ginn. Dovunner gi 607 Plaze fir Kader an 240 Plaze fir Privatbeamten (Zivilisten) ageplangt. Am Detail: 2020 solle 7 A1-Beamten, 140 B1-Beamten, 60 Beamten an der Carrière C an nach 80 Zivilisten agestallt ginn.

Et muss Reklamm gemaach ginn

Sollt sech widder Erwaarden 2022 erausstellen, datt dës Rekrutementer net duer ginn, soll et 2023 zu weideren Astellunge kommen. Dat natierlech zousätzlech zum Ersatz vun den natierlechen Departen. Fir dës Phas vum Rekrutement méiglechst erfollegräich ze gestalten, soll och an de kommende Joren zolidd Reklamm gemaach ginn.

Duerch geziilte Reklammen a Campagnë wëllen de Ministère an d‘Direktioun vun der Police, op déi ënnerschiddlech Beruffsbiller a Carrière bei der Police hiweisen. An dësem Kontext soll dann och déi aktuell Policeschoul duerch „provisoresch“ Strukturen erweidert ginn. Sollten zousätzlech Formateure gebraucht ginn, wäert et déi och ginn.

De Minister huet nach matdeele gelooss, datt nach bis Enn September, déi éischt Pläng fir de Bau vun enger neier Policeschoul um Verluerekascht virleie sollten. Déi staatlech Bauverwaltung huet heifir schonn en Team vun Architekte bestëmmt. Et wieren och Aarbechtsgruppen agesat ginn, déi sech mat de Kritäre vum Rekrutéierungsplang befaassen.

Related topics ACSP, APPJ, APUC, François Bausch, Police, SNPGL, SPCPG
Next post Previous post