Déi 3. industriell Revolutioun ass net opzehalen
E Méindeg ass am Wirtschaftsministère de Punkt gemaach ginn, wou
E Méindeg ass am Wirtschaftsministère de Punkt gemaach ginn, wou
Säit enger Woch huet op der Escher Gare déi nei
Scho säit méi wéi 20 Joer gëtt et de Bisart elo ewell, wouduerch ee sech dëst Evenement an der Lëtzebuerger Kultur-Zeen bal net méi ewech denke well. Mat der neier Kulturkommissioun an dem Roger Saurfeld als President huet een vir eng zweet Kéier d’Ausstellung ënnert een Thema gesat. A vir den zuelräichen Artisten ausräichend Spillraum ze loossen, huet ee sech fir de Mënsch a säi Wiesen entscheet.
Schliisslech ännert an entwéckelt sech souwuel dat Äusserlecht, wéi och dat Bannescht vun all Individuum mat de Joren. Eist Ëmfeld, Gefiller an Handlunge bestëmmen, wie mir sinn a wou mir hi wëllen. An op dëser Rees zum eegenen Ech kommen natierlech och divers Froen un ee selwer op.
De Roger Saurfeld, President vun der Kulturkommissioun an de Jos Schummer, Buergermeeschter vu Biissen, beim Vernissage © Shari Pleimelding / moien.lu
Um Bisart war et fir vill Kënschtler eng Premiere, datt si sech mat dësem Thema beschäftegt hunn, an ëmsou méi erstaunlech ass d’Diversitéit vun den Approchen. D’Wierker vun de 17 Kënschtler strecken sech iwwert 2 Etagen an esou sollt een net vergiessen, och emol d’Trap erop ze goen an e bëssi an all Eck luussen ze goen.
Esou strubbelvoll, wéi et beim offizielle Vernissage war, kann een den erfollegräichen Optakt vun der Ausstellung nëmme bekräftegen. An dësem Kader hu souwuel de Roger Saurfeld, wéi och de Biissener Buergermeeschter Jos Schummer all Hand Merci gesot, déi d’Evenement erméiglecht hunn. Elo scho freet ee sech op dat nächst Joer, sou wéi och op ee ganz besonnescht neit musikalescht Highlight am Duerf…
D’Kënschtler vum BisArt © Shari Pleimelding / moien.lu
Vun der artistescher Atmosphär huet sech d’Kulturkommissioun ustieche gelooss, an esou ass d’Decisioun gefall, datt ee Konscht a Musek kombinéiere muss. Um 13. Juli geet op der Wiss Frounert mat Jazz-Musek, Cocktailen a gemitterlecher Ambiance d’Sonn op!
Op der Wiss, wou fréier schonn oft Festivitéite gefeiert gi sinn, gëtt mat traditioneller kubanescher Musek a feierege Rhythme vum Cuarteto Cubañol, sou wéi de Kläng vun Blankx zum danzen a lëschtegen Zesummesinn animéiert.
Vum 14. bis de 17. Juni ass de BisArt am Centre Wonerbatti zu Bissen zu folgenden Zäiten op:
Ze gesi kritt ee Wierker vum Bintz Monique, Bohler Odile, Breser Natalie, Crèche Margréitchen/Linda Reuter, Hilbert Nadine, Gielen Carole, Jansen Clementine, Kesseler Milly, Pleimelding Annette, Raths Yvette, Scholtes Guy Michel, Sinner Maryse, Steffes Carlo, Sun Yan, Thommes Serge, Trummer René, Verbilt Chantale