Search

You may also like

Äre Lieblingsfestival an der Summervakanz?
Kultur Neiegkeeten

Äre Lieblingsfestival an der Summervakanz?

Mir siche mat Iech zesummen Äre Lieblingsfestival an der Summervakanz

SIREN’S CALL Festival verluecht op 2021
Kultur Neiegkeeten

SIREN’S CALL Festival verluecht op 2021

OPGEPASST: Duerch d’Decisioune vun der Regierung, datt am Kampf géint

Regierungsrot bëllegt Kannergeldreform
Kultur Neiegkeeten

Regierungsrot bëllegt Kannergeldreform

An der Sëtzung vum Regierungsrot e Mëttwoch, hunn sech d‘Minister

Konscht verbënnt: BitburgART mat 11 Lëtzebuerger Kënschtler

Konscht verbënnt: BitburgART mat 11 Lëtzebuerger Kënschtler

6 Wochen, méi wéi 40 Ausstellungen an iwwer 100 Kënschtler – dat ass d’BitburgArt, a mat dobäi sinn 11 Artiste vum Cercle Artistique de Luxembourg (CAL). Nach bis den 29. August 2021 invitéiert déi däitsch Stad op dës villsäiteg a groussflächeg Expo, verdeelt duerch ganz Bitburg.

Et sinn eidel Geschäfter, ëffentlech Plazen, Kierchen a Banken, déi sech a faarweg Uerter vun der kultureller Begéignung verwandelen. Vum ale Kino bis hin zu de Parkhaiser weist net nëmme Bitburg, wat d’Stad ze bidden huet, mee och d’Artisten, wat Konscht bedeit.

„De Konschtprojet BitburgArt ass eng groussaarteg Initiativ vum Stefan Bohl“, erkläert de Kulturamtsleiter Herbert Fandel. „Et vereent fräischaffend Kënschtler aus der Géigend a vu méi wäit fort, a gëtt der Kultur an dësem Summer nees eng vu Konschtfans a Kënschtler gewënschte Bühn.“

D’Wierker vum Lëtzebuerger Kënschtlerkreess sinn an der Trierer Straße ze fannen, dat verdeelt op zwou Etagen. Mat dobäi sinn d’Jeanette Bremin, den Tom Faber, d’Malou Faber-Hilbert, de Silvio Galassi, de Robert Gottlieb, de Serge Koch, de Max Lauer, de Jean Leyder, d’Sandra Lieners, den Yvon Reinard an d’Christiane Schmit.

Weider Informatiounen zur BitburgArt, sou wéi den Ëffnungszäiten (dës variéieren nämlech jee no Ausstellungsplaz) fannt Dir HEI.

Related topics BitburgArt, CAL, Cercle Artistique de Luxembourg, Christiane Schmit, Expo, Jean Leyder, Jeanette Bremin, Malou Faber-Hilbert, Max Lauer, Robert Gottlieb, Sandra Lieners, Serge Koch, Silvio Galassi, Tom Faber, Yvon Reinard
Next post Previous post