Search

You may also like

dislike
Keng Jamaikakoalitioun fir eis däitsch Noperen
International Money Neiegkeeten WTF

Keng Jamaikakoalitioun fir eis däitsch Noperen

Et ass komm wéi et huet misse kommen. Déi sëlleche

Rotondes: Den offizielle Programm bis den 30. September 2020
International Money Neiegkeeten WTF

Rotondes: Den offizielle Programm bis den 30. September 2020

Vu Kultur, Musek a Konscht, iwwert Konferenzen, Workshops an Atelieren

Syrien: Waffestëllstand am Süde vun Damaskus
International Money Neiegkeeten WTF

Syrien: Waffestëllstand am Süde vun Damaskus

Um Samschdeg ass tëscht dem Regimm vun Damaskus an dem

moneysurprise

El Salvador: Bitcoin als offiziell Wärung unerkannt

El Salvador: Bitcoin als offiziell Wärung unerkannt

Zanter Gëschter ass am mëttelamerikaneschen El Salvador d‘Kryptowärung Bitcoin ee gesetzlech unerkannt Finanzmëttel. An der Nuecht op ee Mëttwoch hat d‘Parlament den entspriechende Gesetzprojet vum President Nayib Bukele mat enger däitlecher Majoritéit ugeholl. Dobäi ass den Asaz vun dëser volatiller Wärung eppes ëmstridden.

Kuerz virun der Ofstëmmung hat den Nayib Bukele via Twitter verkënnt, datt dëse Schratt déi finanziell Inklusioun bréngt, fir Investitiounen, Tourismus an Innovatioun suergt, an esou gutt fir déi wirtschaftlech Entwécklung vum Land ass. D‘Gesetz huet vun der Propos zum Vott ganzer 4 Deeg gebraucht, an den Text begrenzt sech op dräi Säiten. Mee wat bewierkt dëst Gesetz elo?

Entspriechend dem Text, muss elo am El Salvador all Händler/Geschäftsmann, wann dësen technesch dozou an der Lag ass, de Bitcoin als Finanzmëttel zouloossen. D‘Bierger kënnen esouguer hir Steiere mat der Kryptowärung entriichten. Um „Tausch“ vu Bitcoins soll keng Kapitalertragssteier erhuewe ginn, de „Change“ zum US-Dollar soll de Maart fräi gestalten.

Kryptowärung

D‘Gesetz Trëtt 90 Deeg, nodeems et am offizielle Journal publizéiert gouf, a Kraaft. Ganz iwwerraschend kënnt dat elo net, ëmmerhin hat de President vum El Salvador, säi Projet scho leschte Samschdeg mat enger Videomessage am Kontext vun enger gréisserer Bitcoin-Konferenz an den USA annoncéiert. Den Nayib Bukele huet allerdéngs vill gutt Argumenter fir säi Projet gehat.

Einfach, praktesch an onkomplizéiert

Wa gewosst ass, datt gutt 70% vun de Mënschen am El Salvador kee Konto op enger Bank hunn, mee wäit iwwer 95% vun de leit ee Smartphone besëtzen, gëtt séier ersiichtlech wéi praktesch et kéint sinn. Dëst Finanzmëttel ze benotze leeft „easy-peasy“ iwwert eng Applikatioun, an hei ginn och keng Froe gestallt. Klengt no enger richteg gudder Iddi, mee wéi esou oft, huet et en Hoken.

Et ass net wëll et immens bequem a praktesch ass, datt de Bitcoin als offiziellt Finanzmëttel fir méi Gerechtegkeet mat sech bréngt. Déi deels ganz extrem Volatilitéit vun dëser Kryptowärung, dierft besonnesch fir déi äermer Mënschen absolut ongëeegent sinn. Op där aner Säit erliichtert et den am Ausland liewende Salvadorianer d‘Iwwerweisung vu Geld un hir Verwannten, an dat spillt och mat.

Kryptowärung

Bezitt ee sech op déi aktuell zur Verfügung stoend Informatioune säitens der Weltbank, da maachen d‘Iwwerweisungen aus dem Ausland ronn 20% vum Bruttoinlandprodukt aus. (Dat ass ee vun den héchsten Tauxen op der Welt) Anersäits hëlleft et dem Land och sech vun den USA eppes weider ze emanzipéieren. Säit 2001 huet den El Salvador keng eege Wärung méi, mee notzt den US-Dollar.

Dës Ofhängegkeet vun der amerikanescher Noutebank, ass geféierlech firwat d‘Zouloosse vun enger digitaler Wärung, eigentlech eng gutt Schutzmoossnam ass. Datt dierft natierlech an den USA differenzéiert bewäert ginn a wuel och Folgen hunn. Den El Salvador wëll sech jo beim IWF ronn eng Milliard US-Dollar léinen, an ass do och op d‘Zoustëmmung vun eben den USA ugewisen.

Keng Sécherheet, keng Kontroll…

Am Kontext vum Bitcoin dierf nach emol drop higewise ginn, datt dës Wärung vu kenger Zentralbank kontrolléiert gëtt. Wien derhannert stécht? Dat weess keen, firwat et heescht „Kontrolléiert gëtt dës Cyber-Wärung vun der Gemeinschaft vun den Notzer“. De Bitcoin ass ënnert dëser Viraussetzung esou reell wéi „Gott“ (Egal wéi een) also eng Saach vu Glawen.

Kryptowärung

Dës Kryptowärung, gëtt duerch en dezentraalt a besonnesch energieintensiivt Computerverfare generéiert an ass streng geholl just ee Spekulatiounsobjet. De Bitcoin huet sech beim wäisswäsche vu Geld aus alle méiglechen illegale Geschäfter bewäert a säi Kurs ass éischter labil. D‘Bänker, déi schonn nees am „Casino-Modus“ ënnerwee sinn, hunn awer esou vertraulech Systemer gären…

mat indymedia/ccs/lon

Related topics Bitcoin, El Salvador, Kryptowärung, Nayib Bukele, US-Dollar
Next post Previous post