Search

You may also like

What the Fakt – Internationalen Dag vun den Hiefammen!
International Neiegkeeten

What the Fakt – Internationalen Dag vun den Hiefammen!

Als Gebuertshëllef sinn si dobäi, wann neit Liewen an d’Welt

Giel Gileten Akt IX: De Mouvement mobiliséiert nees
International Neiegkeeten

Giel Gileten Akt IX: De Mouvement mobiliséiert nees

Fir den Akt IX vun de giele Gileten, haten sech

D‘Reform vum Congé Parental kënnt gutt un
International Neiegkeeten

D‘Reform vum Congé Parental kënnt gutt un

Wéi d‘Familljeministesch Corinne Cahen (DP) an den Direkter vun der

Nach 2 Versich: Bitcoins am Wäert vun 181 Milliounen Euro stinn um Spill

Nach 2 Versich: Bitcoins am Wäert vun 181 Milliounen Euro stinn um Spill

Déi richteg Elementer zesummenzesetzen, fir den Jackpot ze knacken, ass net nëmmen en zentrale Bausteen bei der Lotterie. Et verfollegt de Stefan Thomas mëttlerweil Dag an Nuecht. Op sengem digitale Kont huet hien nämlech Bitcoins am Wäert vun ëmgerechent 181 Milliounen Euro leien. De Problem un der Saach: Hie weess den Zougangscode net méi an huet just nach 2 Versich, bis sech den Tresor selwer zerstéiert.

Virun 10 Joer huet den däitsche Programméierer nach an der Schwäiz gewunnt. Fir e Client sollt hien den Animatiounsfilm „What eis Bitcoin?“ erstellen a gouf fir seng Aarbecht deementspriechend mat der mëttlerweil bekanntster Kryptowärung bezuelt. Déi 7.002 Bitcoins, déi hie bezuelt krut, haten zu där Zäit jeeweils e Wäert vun 2 bis 6 Dollar. Mëttlerweil läit de Bitcoin-Präis bei iwwer 38.500 Dollar.

Heppela…

D’Passwuert, fir Zougang op déi digital Bourse ze kréien, ass op enger gesécherter Festplack, engem sougenannten IronKey DataLocker, gespäichert, woufir alt erëm e Passwuert benéidegt gëtt. Dës Donnéeën hat den Stefan Thomas sech eigentlech op en Ziedel geschriwwen, mee genee dëst Stéck Pabeier fënnt hien elo net méi.

Am Ganzen huet hien 10 Versich fir sech anzeloggen. No 8 Feelversich kann hien elo nach 2 Mol probéieren, bis déi digital Sue verluer sinn. Zënterhier kritt den Däitschen, dee mëttlerweil zu San Francisco lieft, verständlecherweis keen A méi zou. All Sekonn denkt hien iwwert d’Passwuert no, versicht sech gedanklech e Joerzéngt zeréck ze versetzen, mee bis ewell ass him „d’Kombinatioun zum Gléck“ net agefall.

Insgesamt 220 Milliounen Dollar, ëmgerechent 181 Milliounen Euro stinn um Spill. Mee wien hätt virun 10 Joer och dru geduecht, dass dës Kryptowärung esou extrem am Wäert klëmmt?

Keen Eenzelfall

Laut Chainalysis existéieren 18,5 Millioune Bitcoins. Dovunner schéngen 20 % verluer – eng Zomm vun 140 Milliarden Dollar. Nodeems viru Joren vill Leit aus „purem Interessi um Neien“ an déi digital Wärung investéiert hunn, denke si net méi un hire Kont oder hunn d’Zougangsdate vergiess.

Och de Brad Yasar aus Los Angeles hätt sech mat den honnerte Milliounen Dollar, déi hien duerch seng Bitcoins kréie géif, zu de Räichen ziele kënnen. No verzweifelte Versich op de Konto zougräifen ze dierfen, huet hien et mëttlerweil opginn. Hie wëll einfach net méi drun erënnert ginn, wat hie verluer huet.

An dësem Kader rifft de Stefan Thomas op Twitter dozou op, reegelméisseg d’Backups ze kontrolléieren a sécher ze stellen, dass dës nach fonctionnéieren. „E bëssi Viraussiicht hätt Joerzéngte vum Bedauere verhënnere kënnen.“

Bitcoin
Stefan Thomas / Twitter

Generell bitt déi digital Welt vill Méiglechkeeten, wéi ee gesäit awer och sou munch Risiken.

E Pionéier a sengem Beräich

De Bitcoin (BTC) gouf an den 90er Joren entwéckelt an am Joer 2008 verëffentlecht. Haut gëllt d’Kryptowärung als Pionéier a sengem Beräich. D’Bitcoins kënnen nämlech net physesch gedréckt oder duerch eng zentral Institutioun gesteiert, reglementéiert oder manipuléiert ginn.

Wien dës Wärung erfonnt huet, bleift e Mystierum. Déi onbekannten Eenzelpersoun, respektiv Grupp trëtt ënnert dem Pseudonym Satoshi Nakamoto op.

Related topics Bitcoin, Feelversich, Jackpot, Kryptowärung, Millionär, Passwuert, Stefan Thomas, Zougang
Next post Previous post