Search

You may also like

Liewenslänglech fir den Donald Trump
Money Neiegkeeten

Liewenslänglech fir den Donald Trump

Et war dem charismateschsten US-President aller Zäiten seng léifste Spillsaach,

Lëtzebuerger Sozialdemokrate wëllen Europa erneieren
Money Neiegkeeten

Lëtzebuerger Sozialdemokrate wëllen Europa erneieren

Am Bouneweger Casino huet d‘LSAP gëschter déi sechs Kandidate fir

D‘Duettiste vun der Nuecht: de Mound an de Mars
Money Neiegkeeten

D‘Duettiste vun der Nuecht: de Mound an de Mars

Et gëtt déi längste Mounddäischtert vum 21. Joerhonnert, an eise

money

Black Friday: Deem enge säi Leed ass deem aneren seng Freed

Black Friday: Deem enge säi Leed ass deem aneren seng Freed

D‘Annonce gëschter vum Premierminister an der Gesondheetsministesch d‘Betriber aus dem Horesca-Secteur bis zum 15. Dezember (viraussiichtlech) aus dem Spill ze huelen ass eng Batter Pëll déi d‘Branche ze schlécke kritt. Si hate wierklech keng Ustrengunge gescheit, fir alle vun der Regierung an dem Beruffsverband beschlosse Moossnamen ëm- an Duerchzesetzen.

Et wier awer, esou d‘Argumentatioun vum Regierungs-Binom Bettel/Lenert net méiglech de ganz schlechten Zuelen ouni Mesuren ze begéinen. Et ass also dat oder de Confinement. D‘Bistroen an d‘Restauranten, mee och d‘Kinoen an d‘Theateren zouzemaachen, gëtt dëser Regierung den noutwennege Sputt, deen noutwenneg ass, fir de ganze Rescht um lafen ze halen. Op dat stëmmt?

Beäntwerte wäert sech dës Fro wuel vum selwen a fir den Ament kann den Eenzelhandel opootmen an sech op ee vun de wichtegsten Deeg am Joer, de Black Friday (27. November), freeën. Si dierfe weider schaffen, also hir Geschäfter fir d‘Chrëschtgeschäft ophalen. Firwat? Ma laut dem Paulette Lenert ginn an de Geschäfter Maske gedroen an d‘Distanzen agehalen, de Risk quasi „minimal“.

Elo ass et natierlech scho wichteg, et sief et wéilt een de Risen am Onlinehandel, wéi Amazon, eBay an/oder Ali Baba, d‘Feld iwwerloossen. Schliisslech steet Chrëschtdag virun der Dier, an Kaddoe muss ee jo wuel fir d‘Fest vun de Léift iergendanzwousch hierkréien. Mee et geet am gewësse Sënn och drëms, net méi mussen ze indemniséiere wéi zwéngend noutwenneg.

Stellt sech nach d‘Fro, ob vill Leit Loscht op Akafen hunn, wann et kee Maufel z‘iessen oder déi erhofften Taass Kaffi bei Namurs net gëtt? Et huet ee jo net emol d‘Optioun „Glühwäin“ well wéi ee weess, sinn och d‘Chrëschtmäert 2020 net um Start. Elo sollt ee sech dann nawell mat de Geschäftsleit freeën an och bei si kafe goen, zumindest wann et engem (finanziell) méiglech ass.

Wien dann elo tatsächlech net sollt déi grouss Loscht hunn ënnert de bestoende Konditiounen an d‘Geschäfter ze goen, deem dierf een an Erënnerung ruffen, datt et och eng lokal Onlineplattform gëtt: LETZSHOP. Eng wierklech gutt a brauchbar alternativ zu de genannten Iwwergewiichter, där ee sech net nëmme fir d‘Chrëschtdeeg oder wéinst der Pandemie sollt unhuelen.

Illustratioun: © Tim Mossholder / unsplash

Related topics Black Friday, Covid19-Pandemie, Eenzelhandel, Horesca-Secteur, Lockdown
Next post Previous post