Search

You may also like

Super Senior: wann et mam Léieren eppes komplizéiert ass
Neiegkeeten

Super Senior: wann et mam Léieren eppes komplizéiert ass

Et huet ëmmer scho Kanner ginn, déi „net esou séier“

De Sportréckbléck vum Weekend (14.-16.05.2021)
Neiegkeeten

De Sportréckbléck vum Weekend (14.-16.05.2021)

Fussball Frankräich: Et ass an der ganzer 1. Liga spannend.

ULC: Petitioun fir de gratis Service bei de Banken
Neiegkeeten

ULC: Petitioun fir de gratis Service bei de Banken

An der Mäerz-Editioun vun „de Konsument“ behandelt de Lëtzebuerger Konsumenteschutz

Black Friday – een Dag mat Geschicht oder just Profitgier?

Black Friday – een Dag mat Geschicht oder just Profitgier?

Och Lëtzebuerg konnt der Well aus Amerika anscheinend net widderstoen an huet elo nieft Halloween eng weider Aktioun vun hinnen iwwerholl. Ob an der Zeitung, um Radio oder um Internet, haut a muer wäerte mir all bombardéiert gi mat speziellen Offeren an extreme Reduktioune fir de Black Friday. Mee stécht dann elo méi hannert dësem Dag oder ass et just eng gutt geplangten Aktioun vun de Geschäfter a Verkeefer fir hir Artikelen un d’Leit ze kréien?

Generell kann ee soen, datt de Schwaarze Freideg a 17 US-Bundesstaaten ee gesetzleche Feierdag ass. No Thanksgiving, wat all Joer op de véierten Donneschdeg vum November fält an zesumme mat der Famill mat „Speis und Trank“ verbruecht gëtt, notze vill Bierger de Freideg als Bréckendag aus. De Black Friday markéiert zudeem och de Start vum Chrëschtdagsgeschäft.

Black Friday

Et gëtt wuel eng Geschicht dohannert

Beim Schwaarze Freideg denke wuel déi meescht vun eis, datt et vum Bankecrash zu New York am Joer 1929 hierkënnt. Dësen Dag ass awer an der amerikanescher Geschicht als Schwaarzen Donneschdeg agaangen, duerch d’Zäitverschibung war et an Europa awer scho Freideg.

D’Traditioun kënnt awer éischter dovun, datt vill Amerikaner sech no hirem Erntedankfest fräi huele fir d’Bréck ze maachen. Esou hu si ee ganzen Dag fir no flotten Offeren an de Geschäfter ze kucken an, duerch den Ufank vun der Chrëschtsaison, och hei no Cadeaue kucke kënnen. Heiran hunn d’Verkeefer a Geschäfter schnell eng Profitméiglechkeet gesinn a lackelen esou mat Solden a verlängerten Ëffnungszäiten d’Leit un.

Mëttlerweil notzen och Online-Shoppen des Méiglechkeet fir d’Clienten ze verféieren an, an ee reegelrechte Kafrausch ze versetzen. Säit 2005 ginn an den USA mam Black Friday déi héchst Ëmsätz vum Joer gezielt.

Ufanks ass den Dag vum Massekafe wuel a Groussbritannien ukomm, ier en dunn iwwert Frankräich an Däitschland och op Lëtzebuerg komm ass. Wéi voll d’Parkinge bei den Akafszentren an d’Schlaange bei de Keese wäerte sinn kann ee sech scho bal denken. Op een et brauch oder net muss am Endeffekt jiddweree selwer entscheeden.

Quellen:

Related topics Akaafen, Black Friday, Konsum, Konsumgesellschaft, Prozenter, Solden, USA
Next post Previous post