Search

You may also like

Ofrappaarbechten an der Stad (29.05.2021)
Neiegkeeten

Ofrappaarbechten an der Stad (29.05.2021)

Et gëtt opgerappt. Dofir wëll d’Stad Lëtzebuerg seng Bierger sou

Grouss Tuning-Kontroll op der Kockelscheier
Neiegkeeten

Grouss Tuning-Kontroll op der Kockelscheier

An de leschte Woche koum et des Ëfteren zu gréisseren

Nancy Jazz Pulsations: e Mëttwoch start déi 45. Editioun
Neiegkeeten

Nancy Jazz Pulsations: e Mëttwoch start déi 45. Editioun

Dat grousst Festzelt vum „Nancy Jazz Pulsations“ (NJP) ass e

Geschwënn ass nees „Black Friday“ an den Handel wëll nëmmen äert Bescht

Den europäesche Konsumentenzenter Lëtzebuerg verëffentlecht Recommandatiounen

Geschwënn ass nees „Black Friday“ an den Handel wëll nëmmen äert Bescht

E gëtt ëmmer nees als dee „Verkafsevent“ vum Joer verkläert de sougenannte „Black Friday“ an dobäi geet hei exklusiv drëms dem Konsument de Goss aus der Täsch ze zéien. Dat natierlech mat vermeintlech „super Affairen“, woubäi ee grad do sollt immens virsiichteg sinn. Zudeem ass dëse schwaarze Freideg virun allem eng Opportunitéit fir den Online-Handel.

A sengem Communiqué, geet den europäesche Konsumentenzenter Lëtzebuerg (CEC) op déi mat dësem Dag verknäppten „Geschäfter déi ze schéi fir wouer ze sinn“ an. De CEC réit virsiichteg ze sinn a verweist drop, datt dräivéierel vun de Reklamatiounen déi si ze traitéieren hunn, mam elektroneschen Handel ze dinn hunn. Beim Online-Handel sollt ee wéi ee Fuuss uecht doen.

Dofir huet den CEC en Rei Recommandatiounen ausgeschafft: esou sollt een sech emol fir unzefänken dovunner iwwerzeegen, datt de Site eng gutt Reputatioun genéisst. Dat kéint ee maachen andeems ee sech iwwert eng Sichmaschinn an a Foren iwwert d‘Kredibilitéit vum Ubidder informéiert. Et sollt een sech och iwwerzeegen, datt de Vendeur identifizéier- a lokaliséierbar ass.

Et geet also net duer eng e-Mail Adress an eng Telefonsnummer unzeginn. De CEC erënnert och drun, datt déi europäesch Legislatioun (bis op wéineg Ausnamen) och e Récktrëttrecht vu 14 Deeg virgesäit. Zudeem sollt de Konsument onbedéngt drop uecht ginn, datt et sech bei der Internetsäit déi besicht gëtt, ëm ee sougenannte „sécher Site“ handelt. Dee muss mat „https://“ ufänken.

Donieft dann och déi Rotschléi, déi eigentlech mat eppes Verstand jidderengem och esou sollten aliichten. Bezuele sollt een nëmmen iwwert ee séchere Wee. Dat kann ee mat der Kreditkaart maachen, mee och de Bezuelsystem „Paypal“ kéint do eng appropriéiert Alternativ sinn. Woubäi 100% Sécherheet gëtt et hei och net, firwat een am Zweiwel op de Kaf verzichte sollt.

Nom „Black Friday“ kënnt e Méindeg de „Cyber-Monday“, eng Verkafsveranstaltung no gläichem Modell. Datt een hei weder de lokale Commerce ënnerstëtzt nach nohalteg konsuméiert, muss een net weider erklären. A wien op engem vun dësen zwee Deeg der Meenung ass et misst een d‘Präisser net vergläichen, dee soll sech uschléissend och net bekloen. Passt op är Suen op…

Foto: Justin Faliszek / Pixabay

Related topics Black Friday, CEC, Cyber Monday, Konsum, Recommandatioune
Next post Previous post