Search

You may also like

Schwéiert Accident op der C106
Neiegkeeten Stories

Schwéiert Accident op der C106

Wéi d‘Police de Moie matdeelt, ass et um Freidegmuere kuerz

Nordkorea: Dem Kim seng Rakéiten
Neiegkeeten Stories

Nordkorea: Dem Kim seng Rakéiten

Laut Informatioune vum Etat-Major vun der südkoreanescher Arméi, sollen um

Op de Punkt bruecht: Liese mat Fangerspëtzegefill
Neiegkeeten Stories

Op de Punkt bruecht: Liese mat Fangerspëtzegefill

Um haitege Welt-Braille-Dag steet déi vum Fransous Louis Braille entwéckelt

Black IPA: e Schwéiergewiicht vu Bare Brewing

Black IPA: e Schwéiergewiicht vu Bare Brewing

Wien sech dës „schwaarz Séil“ ausgeduecht huet, dee geet och am Wanter an der kuerzer Box spadséieren. Dat emol fir drop hinzedeiten, datt een de „Black IPA“ vu Bare Brewing vläicht besser am Sëtzen zou sech hëlt, also zumindest no der zweeter Fläsch. Eppes méi am Eescht: dëse wierklech eenzegaartegen IPA huet et mat 7,4% Alkoholgehalt fauschtdéck hannert den Oueren.

Et ass dann och därer een, wou esouguer eise britesche Frënn de Näid am Gesiicht ofzeliesen ass. „Besser geet ëmmer“ gëtt oft behaapt, ma hei dierft d‘Braukonscht seng Limitten nawell zimlech ausgereizt hunn. Hien ass sécherlech „komplex“ mee dat muss de Genéisser net këmmeren, him geet bei esou engem Béier primär ëm d‘Textur, d‘Batterstoffer an finalement ëm de Goût.

Iwwert dee léisst sech bekanntlech streiden, firwat ee gutt beroden ass, de Fall gesat et ass een en Amateur vu héichwäertegem a genësserlechem Béier, sech zumindest eng eege Meenung ze bilden. Seng Schockelasnout ass iwwerzeegend awer net iwwerhieflech, den Happ suergt fir de battere Goût ouni engem dobäi d‘Schong an d‘Strëmp gläichzäiteg vun de Féiss ze rappen.

Mam „Black IPA“ ass Bare Brewing déi sougenannt „quadratur vum Krees“ gelongen. D‘Ekipp ronderëm de Joël Back, Tom Reis an dem Nico Kleer, huet sech net op en Experiment agelooss mee sech voll a ganz fir de Geschmaach entscheet, an am Géigesaz zum industriellen „Einerlei“ hält dësen däischtere Béier säi Verspriechen an. Och oder grad well hien net zu jidderengem passt.

Et wëll ee sech jo dierfe vun deenen aneren ënnerscheeden. Elo kéint een awennen, datt et dees IPA vill gëtt, an bestëmmt sinn der vill dovunner gutt. Gutt eleng ass awer elo grad dee Kritär, dee bei Bare Brewing net ka berécksiichtegt ginn. Hei geet ëm d‘Exzellenz vun der Braukonscht, wat heescht datt vill Aarbecht an de Black IPA gestach gouf. Et geet jo ëm de Respekt vum Konsument.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics artisanale Béier, Bare Brewing, Béieradventskalenner, Black IPA, Craft Beers
Next post Previous post