Search

You may also like

Vereedegung vum Sylvette Schmitt-Weigel, Berard Ries an Nora Forgiarini
Kultur

Vereedegung vum Sylvette Schmitt-Weigel, Berard Ries an Nora Forgiarini

No der ministerieller Veruerdnung vum 1. September 2020 sinn d’Sylvette

CSV-President a politeschen Turbulenzen (Kommentar)
Kultur

CSV-President a politeschen Turbulenzen (Kommentar)

Politik, datt gëtt vu ville Mënschen als déi Konscht verstanen,

Ee Stopp vum AKW Cattenom ass noutwenneg a machbar
Kultur

Ee Stopp vum AKW Cattenom ass noutwenneg a machbar

35 Joer nom Supergau vun Tschernobyl an enger weiderer Katastroph

Black Panther triumphéiert, wou anerer scheiteren

Et ass net nëmmen e Superheldefilm ënner villen

Kaum e Genre ass am Moment esou staark an de Kinossäll vertrueden, ewéi d’Superheldefilmer. Mee eng Kritik huet een dem Genre – a virun allem dem Platzhirsch Marvel – misse  maachen: et huet un Diversitéit gefeelt. Während DC fir dës Ära déi éischt weiblech Superheldin op de Schierm gezaubert huet, versicht sech Marvel um éischte schwaarzen Superheld. Op mannst zënter Blade! Dobäi ass mat Black Panther net nëmmen e gudde Film, mee ee vun de beschte vu senger Zort an eis Säll komm.

De Black Panther gouf dem Publikum scho kuerz an Captain America: Civil War virgestallt. Mee och ouni dee Film gesinn ze hunn, ass d’Figur schnell verstanen. Den T’Challa (Chadwick Boseman) ass den nei gekréinte Kinnek vum afrikanesche Land Wakanda. Dat tarnt sech no baussen hin als Drëtt-Welt-Land, ass awer a Wierklechkeet eng technologesch héich entwéckelt Natioun. Allerdéngs huet se sech staark isoléiert an domat aus de Krise vun der Welt eraus gehalen – och vir sech selwer ze schützen. De Kinnek kritt och e Kostüm aus engem spezielle Metall an huet – wéi soll et anescht sinn – iwwernatierlech Kräften. Mee kaum ass e Kinnek, gëtt seng Positioun vun engem Aussesäiter a Fro gestallt, deen Wakanda an eng ganz aner Richtung dréie wëll.

Black Panther wäicht problematesche Froen net aus. Genau dat mécht de Film spannend

Wat bei Black Panther faszinéiert ass d’Tatsaach, datt déi offensichtlech Fro, déi sech all Zuschauer stellt, den zentrale Konflikt duerstellt. Wann et an Afrika eng technologesch héich entwéckelt, ni kolonialiséiert Natioun géif ginn, firwat hätt se sech dann ni fir d’schwaarz Minoritéiten uechter d’Welt agesat? Oder op mannst de Sklavenhandel gestéiert? Firwat géing se sech aus de ville Problemer, déi Schwaarzer bis haut nach Dag fir Dag erliewen, komplett eraus halen?

Den Antagonist, Killmonger (Michael B. Jordan), stellt genau déi Fro a proposéiert eng extrem Léisung: bewaffent op der ganzer Welt déi schwaarz Minoritéiten a féiert eng brutal Géigekolonialiséierung duerch. A fir d’Haaptfigur geet et do net duer, einfach de Killmonger an engem Kampf néier ze schloen. E muss géint der Enn tatsächlech eng politesch Solutioun fir des Fro fannen.

Wéi dës ausgesäit, wëll ech hei net verroden. Mee et sief gesot, datt de Killmonger, trotz lächerlechem Numm, domat op mannst emol en interessante Marvel-Géigespiller duerstellt. An dësem Punkt waren déi aner Filmer, bis op de Loki (Tom Hiddleston) ofgesinn, notoresch schwaach.

Black Panther gëtt sech vill Méi, fir en dichten Universum ze presentéieren, deen op eegene Bee steet

Mee datt de Film esou op dësen Thema fokusséiert ass, hënnert en net, vill World- a Charakter-Building ze bedreiwen. Wakanda a seng Bewunner wierke plastesch an novollzéibar, trotz dem ganzen Afrofuturismus. An de Film charakteriséiert jiddereen konkret genuch, fir datt een och géint der Enn, wa wierklech vill gläichzäiteg geschitt, nach den Duerchbléck behält. Dat eleng ass schonn eng gigantesch Leeschtung.

Zousätzlech der Thematik geléngt dem Film bal alles. Ervirzesträichen ass e memorabelen Soundtrack an en impeccabele Pacing. Flott Niewefiguren, vun deenen ee méi wéilt gesinn verséissen et nach zousätzlech an de Cast ass exzellent gewielt. De Michael B. Jordan hëllt alles aus dem Killmonger eraus an den Andy Serkis kritt hei emol méi Zäit um Schierm spendéiert, wéi dat alt soss de Fall ass. Et gëtt kee Grond, de Film net ze empfeelen, dat eenzegt, wat ech bedaueren, ass, datt en net mi laang ass.

Wann een net genuch vun eppes ka kréien, ass dat dann net dat gréisste Luef?

Fotoen: ©Marvel Studios 2018

Related topics Black Panther, Disney, Film, Kino, Marvel, Marvel Cinematic Universe
Next post Previous post