Search

You may also like

Neijoerschreceptioun Stad Lëtzebuerg: Et feelt net un Erausfuerderunge
Neiegkeeten Stories

Neijoerschreceptioun Stad Lëtzebuerg: Et feelt net un Erausfuerderunge

E Méindeg 8. Januar hat och d‘Stad Lëtzebuerg seng Neijoerschreceptioun

Den Daniel Nickels als neie stellvertriedenden Direkter vum CTIE
Neiegkeeten Stories

Den Daniel Nickels als neie stellvertriedenden Direkter vum CTIE

An der Sitzung vum 8. Mäerz huet de Regierungsrot den

money
Europa wëll d‘US-Sanktioune géint den Iran ëmgoen
Neiegkeeten Stories

Europa wëll d‘US-Sanktioune géint den Iran ëmgoen

Europa huet dem Donald Trump säin eesäitege Réckzuch aus dem

Black Widow: deen heemlechen deen aus der Däischtert kënnt

Black Widow: deen heemlechen deen aus der Däischtert kënnt

De Black Widow vun der Steeseler Stuff Brauerei, ass esou däischter, dee misst eigentlech mat enger Täscheluucht verkaf ginn. Dofir geet engem scho bei der éischter Schlupp e Liicht op, an wann ee den éischten Ament nach geduecht huet „oh dat eloten ass jo e Porter“, läit e schonn dernieft. Nee, dës „schwaarz Witfra“ huet méi ënnert dem Schiertech wéi ee gemengerhand unhëlt.

Mat geréischtertem Malz gebraut, huet de Black Widow méi Goût a Wuppes wéi e klassesche Porter, och wann se vun DNA hir gemeinsam Wuerzelen hunn. Et ass allerdéngs och e komplexe Béier, fir deen ee sech sollt Zäit huele fir en a sengem ganze Spektrum kennenzeléieren an ze genéissen. Geléngt et engem, kann ee Kaffi, schwaarze Schockela a Liefkuch erausschmaachen.

En ass mat senge 6,5% Alkoholgehalt eppes méi batter, ouni opdrénglech ze ginn. Et sollt een dëse Béier bei enger Kärtemperatur vu gutt 10°C genéissen, an sech am Mond entfale loossen. De Black Widow ass dann och ee gudde Begleeder an dëser Joreszäit, eng ideal Belounung déi ee sech selwer zougesteet, op een just mam Mupp oder mat der ganzer Famill en Tour trëppele war.

Widow

Beim Team vun der Stuff Brauerei, hei (v.l.n.r.) de Léierbouf mam Joe an dem Antoine, heescht gutt Laun, motivéiert bei der Aarbecht ze sinn. An enger vun de klengste Braukiche gëtt awer ee vun de gréisste Béier hiergestallt, firwat et net verkéiert ass ze soen: „Lëtz make it happen“.

Stuff Brauerei? Steesel?

De Joseph „Joe“ Hallack-Wolff an den Antoine Biasino hunn d‘Stuff Brauerei virun elo gutt dräi Joer gegrënnt. Si waren es dem industriellen „iwwerdrësseg“, de Keller nieft der Garage vun den Eltere war grad grouss genuch fir eng Braukichen ze installéieren, an vill Iddien haten se och nach am Gepäck. Déi beschte Viraussetzungen sech an de Frënn dee Béier ze brauen deen ee wollt hunn.

An eis zwee Borschten hunn d‘Konzept vun der „klenger ‚Indie‘ Brauerei“ perfekt ëmgesat. Kleng Quantitéiten an allerhéchste Qualitéitsstandarden, sinn d‘Basis fir e wierklech gudde Béier. Dat gekoppelt mat vill Kreativitéit, der sich no de bescht méiglechen Ingredienten, an eng haart awer éierlech Aarbecht, ass et wat een der Stuff Brauerei muss zougestoen. Et ass e seriéise Business…

Et dierf een, ouni d‘Jongen ze vill wëllen ze luewen, mat Recht behaapten, datt ee mat engem Black Widow, en zimlech eenzegaartegt Produkt a sengem Glas huet. An dat bescht, firwat een eis Ausso esou och ka stoe loossen, et gëtt hire Béier (jo si maachen der méi) op ëmmer méi Plazen, an wien es vun hinnen emol bestallt huet, wëll es ëmmer nees. Mir wënschen e genësserlechen 2. Advent.

Foto: De Black Widow vun der Steeseler Stuff Brauerei, ass eppes ganz Besonnesches. Deen ass definitiv net geduecht, fir einfach „ofgeschott“ ze ginn. Nee déi „schwaarz Witfra“ wëll ëmfänglech a mat der richteger Temperatur genoss ginn. © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Adventskalenner, artisanale Béier, Black Widow, Craft Beers, Steesel, Stuff Brauerei
Next post Previous post