Search

You may also like

Bauhärepräis OAI 2020: D’Stad Lëtzebuerg hat iwwerzeegend Projeten
Kultur Stories

Bauhärepräis OAI 2020: D’Stad Lëtzebuerg hat iwwerzeegend Projeten

E Méindeg huet den Ordre des Architectes et des Ingénieurs-Conseils

Beonrouegend Entwécklung am Dissens tëscht USA an Iran
Kultur Stories

Beonrouegend Entwécklung am Dissens tëscht USA an Iran

Schenkt een dem Sécherheetsberoder am Wäissen Haus, John Bolton, Glawen,

Totenhopfen: Laut der Etikett en „Lux Ale Original“ – Ass datt eppes Gutts?
Kultur Stories

Totenhopfen: Laut der Etikett en „Lux Ale Original“ – Ass datt eppes Gutts?

Wann ee berécksiichtegt, datt e „Craft Beer“, also een op

Blade Runner 2049 ass net perfekt, an dach e Meeschterwierk

Blade Runner ass ee vun deene Filmer, déi keen zweeten Deel gebraucht hätten. Vill vun der Subtilitéit, der Pregnanz an der Dauerhaftegkeet vum Original fënnt hiert Fundament um oppenen Enn. Oder Enner – et ginn der jo dräi. An och war net gewosst, op en zweeten Deel qualitativ iwwerhaapt kéint mam Original mathalen. An dunn ass Blade Runner 2049 an d’Kinoe komm an huet eis enges bessere beléiert.

Am Nofolger spillt den Harrisson Ford als Deckard nëmmen eng Nieweroll. Dem Ryan Goesling spillt dës Kéier de Blade Runner, deen sougenannte Replikante jot. Dat si kënschtlech Mënschen, déi mi staark, schnell oder gescheit sinn, wéi normal Mënschen, an dowéinst eng Gefor duerstellen. An der Gesellschaft, wéi se hei gewise gëtt, sinn se eng Zort noutwenneg Sklaven. De Clou: Den Agent, deen de Ryan Goesling spillt, ass selwer esou ee Replikant.

Wann d’Dialoge stëmmeg sinn, ginn se dem Film e ganz eegene Flair, deem dem Original iwwerraschend no kënnt, ouni en direkt ze kopéieren

Wat an anere Filmer als Twist gedéngt hätt, gëtt ganz oppen hei presentéiert. De ganze Rescht vun der Handlung ass relativ viraussobar, mee déi ass och manner wichteg, wéi déi zugronnleeënd philosophesch Froen. Soss géif de Film, dee jo awer op 160 Minutte kënnt, net esou vill Zäit domatter verbréngen, d’Bezéiung tëscht dem Haaptpersonnage an enger Hologramm-KI opzebauen. Et ass virun allem an de luesen, nodenklechen an emotionale Momenter, wou dëse Film richteg glänze kann an zu kengem Ament hannert dem Virbild steet. Och wat d’Dialogen ugeet, ginn et Amenter, déi direkt als Klassiker vum Medium kéinte kategoriséiert ginn. Dat Läit och un enger Inzenéierung, déi keng Angscht huet, och mol e bësschen ongewéinlech ze ginn.

Et gëtt dem Film erlaabt, seng eegen Identitéit ze entwéckelen

D’Bildgewalt vum Original gëtt replikéiert, ouni dobäi ze vill op eng Iwwertrompfung ze setzen. Et ginn ëmmer nach déi uergewalteg Shots vun de Stied, mee de Film geet doriwwer eraus, weist méi vun der Welt ronderëm an erlaabt en méi déiwen, düsteren Abléck an dat, wat viru méi wéi 30 Joer d’Science Fiction Filmer esou nohalteg gepräägt huet. Niewent der Bildgewalt wier do nach d’Musek, déi dës Kéier deels vum Hans Zimmer iwwerholl ginn ass an och deementspriechend kléngt. Genuch Vangelis Elementer sinn agesteet, fir datt et konsistent mam vierechte Film ass, ouni genau d’selwecht ze kléngen. Et gëtt dem Film erlaabt, seng eegen Identitéit ze entwéckelen, an dat dierft wuel ee vu de gréisste Luef sinn, déi ee Blade Runner 2049 insgesamt kéint ginn. Kënnt nach déi schauspillereg Leeschtung, déi duerch d’Bänk weg gutt ass. Do ass wierklech keng Performance drënner, déi mer negativ opgefall wier. Héichpunkte si kloer dem Ryan Goesling an dem Harrison Ford seng Leeschtungen.

Blade Runner 2049 ass ëmmer nach sou problematesch wéi de Virgänger. Dat mécht e plazeweis schwéier ze genéissen!

Leider sinn, wéi beim Virgänger, och hei erëm vill Elementer problematesch. Och wann eng divers Palett vu weibleche Figuren optrëtt, ass d‘Objektivéierung an den Sexismus aus dem éischten Deel ëmmer nach präsent. E gëtt nach emol verdéift duerch d‘Bezéiung tëscht dem Protagonist a senger KI, déi schlicht doropper ausgeluecht ass, him all Wonsch ze erfëllen an him ëmmer dat ze soen, wat en héiere wëll. Eng richteg creepy Sex-Zeen spréngt dobäi och nach eraus, déi dat ganzt ënnermauert. An och d‘Exotiséierung vun der asiatescher Kultur aus dem éischte Film gëtt nahtlos iwwerholl, bal sou, wéi wann déi läscht 30 Joer sech do näischt gedoen hätt. Et hannerléisst e fade Bäigout bei engem Film, dee soss esou gelongen ass. Trotzdeem kann een en ëmmer nach empfehlen.

 Fotoen: Stephen Vaughan/©2017 Alcon Entertainment, LLC All Rights Reserved.

Related topics Blade Runner 2049
Next post Previous post