Search

You may also like

Spärung tëscht Walfer an dem Stafelter wärend 3 Wochen
Kultur Neiegkeeten

Spärung tëscht Walfer an dem Stafelter wärend 3 Wochen

Zu Walfer wäert en ënnerierdesche Passage um Niveau vum PN17

De Covid19-Impfstoff a wéi et goe soll
Kultur Neiegkeeten

De Covid19-Impfstoff a wéi et goe soll

Nodeems de Vaccin vu Pfizer/Biontech op der Insel seng Noutzouloossung

Cambridge Analytica weist, wéi d‘Sammlung vun Donnéeën duerch Facebook enger Demokratie schuede kann
Kultur Neiegkeeten

Cambridge Analytica weist, wéi d‘Sammlung vun Donnéeën duerch Facebook enger Demokratie schuede kann

Vir gewéinlech ass den Dag nach jonk, wa mer fir

Interview mam Blake Crouch – Literatur ass en anere Verstand

Interview mam Blake Crouch – Literatur ass en anere Verstand

De Blake Crouch ass en internationale Bestsellerauteur. 1978 an North Carolina gebuer, wousst hie scho fréi, datt Schreiwe seng Passioun ass. Zu senge bekannte Wierker gehéiert d’Waynard Pines-Trilogie, déi och als Serie verfilmt gouf. Mëttlerweil huet den Auteur, dee mat senger Famill a Kanada lieft schonn eng gutt Dose Romaner geschriwwen. Dës goufen an iwwer drësseg Sproochen iwwersat.

An dësem Interview fannt Dir eraus, wat dem Auteur säi schlëmmsten Albdram ass an u wéi engem engem Projet hien aktuell schafft.

Kënnt Dir eis e bësse méi driwwer erzielen, wéi Dir Auteur gi sidd?
Ech wollt schonn ëmmer e Schrëftsteller ginn. Meng alleréischt Geschichte waren Gutt-Nuecht-Geschichte fir mäi klenge Brudder. Ech hunn déi ganz Schoul iwwer geschriwwen, bis datt ech endlech mäin éischte Roman fäerdeg hat.

War et schwéier fir dat éischt Buch e Verlag ze fannen?
Jo. Iwwert e Joer.

Kënnt Dir Literatur an dräi Wierder beschreiwen?
En anere Verstand

Wat ass Äert Liblingsbuch?
The Sun Also Rises vum Hemingway.

Liblingszitat?
„Du kéints nimools een Af dovunner iwwerzeegen dir eng Banann ze ginn, andeems du him nom Dout am Afenhimmel onlimitéiert Bananne verspréchs. Op esou en Handel loossen sech nëmme Sapiens an“ – Yuval Noah Harari

EBooks oder Pabeierprint?
Alles.

Wat inspiréiert Iech?
Nei Saachen ze léieren.

Stellt Iech vir datt Dir d’Méiglechkeet hätt e Buch- oder Filmcharakter am richtege Liewen ze treffen. Wat géint Dir him zielen?
Dem Shakespeare säi Falstaff. E vun de gréisste Charakteren, déi erschaf goufen.

Wat ass Äre schlëmmsten Albdram?
Gelangweilt sinn.

Kënnt Dir eis eng Geschicht an zéng Wierder schreiwen?
Enges Dages sinn ech wakereg ginn an do war näischt.

Schafft Dir de Moment un engem Projet?
Ech schaffe grad un eppes, mee dat ass alles wat ech verroden kann.

Opmaacherbild: Blake Crouch / Facebook

Related topics Albdram, Auteur, Blake Crouch, Hemingway, Inspiratioun, Interview, Literatur, The Sun Also Rises, Verstand
Next post Previous post