Search

You may also like

GEWËNNSPILL 2020: 2 x 2 Ticketen fir SKIN WALKER erwaarden Iech!
Neiegkeeten

GEWËNNSPILL 2020: 2 x 2 Ticketen fir SKIN WALKER erwaarden Iech!

Scho ganz geschwënn feiert dem Christian Neuman säi Psycho-Thriller SKIN

Offiziell Aweiung vun der Clausener Schoul
Neiegkeeten

Offiziell Aweiung vun der Clausener Schoul

Obschonns déi nei Zentralschoul a Clausen zanter der Rentrée vum

money
Wann de Braumeeschter der alles richteg erkläert
Neiegkeeten

Wann de Braumeeschter der alles richteg erkläert

Et drénkt een et all gudden Dag a seele stellt

Bleif stoen oder ech schéissen!

Bleif stoen oder ech schéissen!

Et gëtt där net ganz gescheiter an där zolidd dommer, an esou eng „Koppel“ vun der leschter Zort huet eisen Zankerten hënt uerdentlech Kappzerbrieches bereet. E Polizist gouf bei der Interventioun zum Gléck nëmme liicht blesséiert, mee et traut ee sech net emol virzestellen, wat nach alles hätt kënne geschéien, wann de Kolleg vum Beamten net geschoss hätt. Mee eent nom aneren…

Et war géint 21 Auer, wou enger Patrull vun der Stater Police e wäisse Mercedes mat franséischen Nummereschëlter opgefall, well dësen d‘Rout-Luucht op der Kräizung Escher-Strooss / Boulevard Groussherzogin Charlotte net beuecht huet. Dat ass e Verstouss géint d‘Reegelen an d‘Police wollt dem Chauffer vum Gefier dat erklären. Deen hat awer elo net wierklech Loscht op e Gespréich…

Deen huet also net wéi vun de Beamte gefuerdert säi Gefier ugehalen, dofir awer uerdentlech op de Gas getrëppelt (wei gesot: net ganz gescheit) a sech a Richtung Uewerstad versicht ofzesetzen. Hei war et dem Mann awer och net geheier an esou huet hien d‘Kéier gemaach a säi Gléck a Richtung Märel-Belair versicht. Heibäi gouf zu kengem Ament op d‘Zeeche vun de Poliziste geuecht an och d‘Stroossespären hunn de Chauffer net impressionnéiert.

stoen

© Groussherzoglech Police Lëtzebuerg

Hien huet seng „Flucht“ onbeiirt fortgesat a sech Richtung Hollerech ofgesat, wou hien entgéint der Fuerrichtung an d‘Bouillon-Strooss agebéit ass fir a falscher Richtung op d‘Escher Autobunn (A4) opzefueren. D‘Jonge sinn dru bliwwen an hunn déi Escher Kollegen ëm Ënnerstëtzung gebueden. Déi hunn op der héicht Steebrécken d‘Autobunn zougesat an spéitstens hei hätt een erwaart, datt dat Rëndvéi sech geschloe gëtt an deem Ganze fräiwëlleg en Enn setzt.

Leider hunn sech d‘Zäite geännert, an d‘Gewaltbereetschaft vun esou munch Geselle schéngt elo éischter d‘Reegel, wéi d‘Ausnam ze sinn. Esou ass et da leider net verwonnerlech datt den Dabo mat sengem Stär an enger Fra um Bäifuerersëtz riicht op d‘Stroossespär duergefuer ass, an hei am leschten Ament versicht huet d‘Kéier ze maachen. Dobäi huet hien net gezéckt e Policewon dee „gehënnert“ huet op d‘Säit ze drécken.

Wéi wann dat net scho geféierlech genuch gewiescht wier, huet den duerchgeknallten Topert och nach ee Polizist op d‘Schëpp geholl. Geet et nach? Et ass wierklech immenst Gléck dat de Beamten nëmme liicht blesséiert gouf. De Kolleg vum Polizist huet keng Fisematente gemaach, de Klabes gezunn an zur Verdeedegung op den Ugräifer, also op d‘Gefier vun dësem Geschoss. Deen huet nach ëmmer net verstanen datt hie längst verluer hat an huet nach emol d‘Flucht ergraff.

stoen

© Groussherzoglech Police Lëtzebuerg

Säi Versuch sech nees a Richtung Stad ofzesetze war glécklecher Weis no 500 Meter gescheitert. Behäerzt Polizisten haten dëse geféierleche Personnage mat zwee Gefierer „ageklemmt“ a konnten hien endlech onschiedlech maachen. Bei der Verhaftung gouf constatéiert, datt de Mann vu Kugelen um Bee getraff gouf, senger Bäifuererin war dogéint kee Leed geschitt.

Dës zwou zolidd domm (a virun allem wierklech ganz geféierlech) Persoune sinn op Uerder vum Parquet verhaft ginn. Firwat dëse Cretin virun der Police geflücht ass, ob deen eventuell drogéiert war, dat alles muss nach ofschléissend gekläert ginn. D‘Autobunn ass jiddefalls bis an de fréie Muere gespaart bliwwen an den Erkennungsdéngscht vun der Judiciaire (SPJ), déi Escher a Stater Poliziste, den UCPR, d‘Policeinspektioun (et gouf geschoss) an e Representant vum Parquet waren op der Plaz.

Foto: © Groussherzoglech Police Lëtzebuerg

Related topics Autobunn, Police, Schosswaffegebrauch, Verfolgung, Verhaftung
Next post Previous post