Search

You may also like

Pakt-Logement 2.0: De Minister wëll den abordabele Logement stäerken
Neiegkeeten

Pakt-Logement 2.0: De Minister wëll den abordabele Logement stäerken

Fir de Gemengen an dem Staat effikass Moyenen ze ginn,

„Casier-bis“ – Dateschutzkommissioun mat Etüd beschäftegt
Neiegkeeten

„Casier-bis“ – Dateschutzkommissioun mat Etüd beschäftegt

Den Dossier ëm déi ominéis Datebank vun der Police, déi

Kreativ muss ee sinn: Mond gesinn trotz Schutzmask?
Neiegkeeten

Kreativ muss ee sinn: Mond gesinn trotz Schutzmask?

D’Schutzmasken, déi aktuell Mond an Nues vun all Persoun am

Bloalge-Pescht op der Musel

Bloalge-Pescht op der Musel

Wéi de Gesondheetsministère matgedeelt huet, ass nom Stauséi (Uewersauer) a Wäisswampech, elo och d‘Musel mat Bloalgen (Cyanobakterien) verseucht. Déi sinn op der Musel, notamment tëscht den Uertschafte Schwéidsbeng a Bech-Klengmaacher, festgestallt ginn.

Déi Cyanobakterie sinn eigentlech ëmmer präsent, mee ënner besonnesche Konditiounen, kënnen se Iwwerhand gewannen, an ginn esou zur Gefor fir Mënsch an Déier. Wat elo déi genee Ursaache sinn firwat se sech grad hei esou exponentiell entwéckelen, ass leider nach net gewosst, mee et ginn Analyse gemaach, fir deem op de Grond ze goen.

Domatter ass et och op der Musel mat den Aktivitéiten um an am Waasser eriwwer. De Ministère recommandéiert de Kontakt mam Waasser ze vermeiden. Déi vun de Bloalge fräigesaten Toxinne kënnen zu allergesche Reaktiounen op der Haut, Kappwéi, Schësser an anere Pathologie féieren.

Related topics Bloalge-Pescht, Cyanobakterien, Musel, Stauséi, Wäisswampech
Next post Previous post