Search

You may also like

D’Landwirtschaft 2019/2020: Vun Déifpräisser fir Schwéngsbaueren a Stabilitéit am Mëllechsecteur
Neiegkeeten

D’Landwirtschaft 2019/2020: Vun Déifpräisser fir Schwéngsbaueren a Stabilitéit am Mëllechsecteur

Gëschter huet de Romain Schneider, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a

Hunn d‘Amerikaner den Abu Bakr al-Baghdadi ëmbruecht?
Neiegkeeten

Hunn d‘Amerikaner den Abu Bakr al-Baghdadi ëmbruecht?

Et ass wuel nach näischt „confirméiert“ mee de Milliardär, deen

CNL – Ee YouTube-Channel fir Literatur
Neiegkeeten

CNL – Ee YouTube-Channel fir Literatur

De Jo Lendle, Hanser-Editeur, huet et gesot: „Zeit für Bilderbücher,

Bloalgen an der Musel: Haalt iech dovunner ewech!

Bloalgen an der Musel: Haalt iech dovunner ewech!

D‘Plo mat de Bloalge schéngt sech zu Lëtzebuerg zum permanente Problem ze entwéckelen. Op en Neits muss de Gesondheetsministère virun de Geforen déi vun dëse Cyanobakterien ausgi warnen. Dëst Joer sinn et verschidde Plaze vun der Musel déi als éischt betraff sinn. No 2018 an 2019 ass de Floss och dëst Joer vun enger Bloalge-Pescht betraff, an et soll een d‘Geforen net ënnerschätzen.

Si entstinn ënnert besonnesche Wiederkonditiounen: waarmt a sonnegt Wieder ouni Wand, esou wéi d‘Zouféierung vu Stéckstoff a Phosphor, droen zu enger exponentieller Verbreedung vun de Bloalge bäi. Si produzéieren Toxinnen, déi geféierlech fir de Mënsch an d‘Déiere sinn. Zwou Toxinnen si besonnesch geféierlech: d‘Hepatotoxinne gräifen d‘Liewer un, d‘Neurotoxinne schiedegen d‘Gehir an d‘Dermatoxinne kënnen zu Hautkrankheete féieren. An dat ass keng abstrus Theorie dat ass Fakt.

An datt et Bloalgen an der Musel gëtt, kéint ee Virzeeche sinn, dat déi sech geschwënn och nees zu Rëmerschen (Baggerweier) an/oder um Stauséi (Rommwiss) weisen. 2019 hunn sech d‘Bloalgen do Enn August gewisen, an et besteet de Risk, datt et dëst Joer éischter kéint lassgoen. Aus dësem Grond dinn d‘Gewässer dann elo verstäerkt kontrolléiert. Ob a wéi d‘Entwécklung vun de Bloalge mam Klimawandel a Verbindung ze ass, konnt bis ewell nach net ofschléissend gekläert ginn.

De Lëtzebuerger Institut fir Wëssenschaft an Technologie (LIST) ënnersicht dat elo schonn zanter ee puer Joer, mee zanter der leschter Konferenz am Cercle (Juni 2018) gëtt et net wierklech Neies, aus dem Fuerschungssecteur. Och déi Lëtzebuerger Gesellschaft fir Mikrobiologie (LSfM) huet zanter längerem näischt méi zu dëser Plo ze soen. Bei engem ëmmer nees optriedende Problem, deen eng sanitär Gefor fir Mënsch an Déier duerstellt, géif ee sech eppes méi Expertise erwaarden.

Illustratioun: D‘Musel zu Schengen (Cayambe – cc by.sa 3.0)

Related topics Bloalge-Pescht, Bloalgen, Cyanobakterien, Gefor, Musel
Next post Previous post