Search

You may also like

Ab September zu Maarteleng: TKD Koryo – Asiatesche Kampfsport vum feinsten
Neiegkeeten

Ab September zu Maarteleng: TKD Koryo – Asiatesche Kampfsport vum feinsten

Vum 3. September un, huet déi Maartelenger Sportshal e weidere

City Nature Challenge 2019
Neiegkeeten

City Nature Challenge 2019

De nationalen Naturmusée bedeelegt sech dëst Joer fir déi 1.

Stad Lëtzebuerg: D‘Pensionären hunn hir Diplomer iwwerreecht kritt
Neiegkeeten

Stad Lëtzebuerg: D‘Pensionären hunn hir Diplomer iwwerreecht kritt

E Freideg hunn 125 Membere vum Personal vun der Stad

Bloalgen zu Lëtzebuerg: D’Situatioun verschlechtert sech!

Bloalgen zu Lëtzebuerg: D’Situatioun verschlechtert sech!

Nodeems a leschter Zäit ëmmer nees d’Konzentratioun u Bloalge kritesch Ausmoosse geholl huet – fir d’Läscht bei der Plage Rommwiss um Stauséi – ass elo d’Iwwerwaachung vum Waasser verstäerkt ginn. Dobäi huet een héich Konzentratioune vun den Cyanobakterien och an anere Gewässer fonnt.

Duerch dat verstäerkt Opkomme vun de Bloalgen an d’Fräisetzung vun hiren Toxinnen, kann all Kontakt mam Waasser fir Mënsch AN Déier gesondheetsschiedlech sinn. Nieft dem Stauséi sinn elo och um Séi zu Wäisswampech d’Bakterie nogewise ginn.

  • Wäisswampech: Bei den Analyse vum ëffentleche Recherche-Zentrum LIST ass ënnert anerem d’Presenz vu Microcystis an Anabaena, déi potentiell geféierlech fir d’Gesondheet sinn, festgestallt ginn. Am Séi konnt eng Konzentratioun vun 10 µg/l vu Microcystiner gemooss ginn, an iwwersteigt esou de maximale Wäert vu 4 µg/l.
    Dofir ass elo ee Verbuet vun all Waasser-Aktivitéit am Séi zu Wäisswampech ausgeschwat ginn. D’Waasserwirtschaftsamt réit, datt weder Mënsch, nach Déier a Kontakt mam Waasser kommen an et drénke soll. Donieft sollt een och keng Fësch aus dësem Séi konsuméieren.
  • De Stauséi: D’Verbuet vun alle Waasser-Aktivitéiten, dat um 27. August ausgeruff ginn ass, ronderëm d’Plage Rommwiss bleift weiderhinn bestoen. All aner offiziell Plazen fir ze schwammen um Stauséi sinn zougänglech.
  • Rëmerschen: Am Baggerweier sinn nach keng gesondheetsschiedlech Quantitéiten un Toxinne gemooss ginn. Dofir kann hei weiderhin ouni Bedenke geschwomme ginn.

D’Situatioun kann zu all Zäit iwwert d’Internetsäit www.waasser.lu observéiert ginn.

Related topics Bloalgen, LIST, Rëmerschen, Rommwiss, Toxin, Waasserwirtschaftsamt, Wäisswampech
Next post Previous post