Search

You may also like

Onerkläerlech Explosioun um Waldhaff: d’Granat hat keen Zünder méi!
Neiegkeeten

Onerkläerlech Explosioun um Waldhaff: d’Granat hat keen Zünder méi!

Nom explosiven Tëschefall am Munitiounslager vun der Lëtzebuerger Arméi um

Parlamentaresche Bilan déi gréng: „Mir si Regierungsfäeg“
Neiegkeeten

Parlamentaresche Bilan déi gréng: „Mir si Regierungsfäeg“

Eemol ass nach keng Ausnam, an datt déi gréng en

Saarland lackert Grenzschléissung zu Frankräich
Neiegkeeten

Saarland lackert Grenzschléissung zu Frankräich

Wëll d‘Regioun vum Grand Est als Covid19-Hotspot identifizéiert ginn ass,

Bloalgen am Stauséi – Schwamme verbueden op der Rommwiss!

Bloalgen am Stauséi – Schwamme verbueden op der Rommwiss!

Am Kader vun de reegelméissege Kontrolle vun der Waasserqualitéit sinn elo um Stauséi Cyanobakterien, och Bloalgen genannt, fonnt ginn. Op der Héicht vun der Plage „Rommwiss“ ass d’Konzentratioun un Toxiner esou héich, datt et fir Mënsch an Déier geféierlech kéint ginn.

Bei den Analyse vum ëffentleche Recherche-Zentrum LIST ass ënnert anerem d’Presenz vu Microcystis, Anabaena an Aphanizomenon, déi potentiell geféierlech fir d’Gesondheet sinn, festgestallt ginn. Duerch d’Bloalgen an hir Toxiner ass soumat ee Verbuet vun alle Waasser-Aktivitéiten an der Géigend vu Bauschelt ausgeschwat ginn (schwammen, tauche, fëschen,…). D’Waasserwirtschaftsamt réit, zesumme mat der Direktioun vun der Santé:

  • Seng Hënn an aner Hausdéieren net vum Waasser am Stauséi drénken ze loossen
  • Kee Fësch aus dem Stauséi ze consomméieren

Wien nom Kontakt mat Waasser gesondheetlech Problemer opweist, soll sech direkt un een Dokter adresséieren. D’Drénkwaasser aus dem Stauséi gëtt aus enger Déift vu 25 Meter gezunn a gëtt duerno traitéiert. Hei besteet kee Risiko bei der Consomatioun.

All aner offiziell Plazen, wou ee schwamme kann, wéi beispillsweis de Séi zu Wäisswampech oder d’Weiere vu Rëmerschen, sinn net vum Verbuet betraff. D’Situatioun kann zu all Zäit iwwert d’Internetsäit www.waasser.lu observéiert ginn.

Related topics Bauschelt, Bloalgen, Cyanobakterien, Gesondheet, Rommwiss, Stauséi
Next post Previous post