Search

You may also like

Kand an der Wäschmaschinn ëmbruecht
Neiegkeeten

Kand an der Wäschmaschinn ëmbruecht

D‘Mamm vum klenge Bastien, deen 2011 an enger Wäschmaschinn ëmbruecht

De Plang „B“ – B wéi Brexit? (e Kommentar)
Neiegkeeten

De Plang „B“ – B wéi Brexit? (e Kommentar)

Et ass en drolegt Vollek, datt vun de Briten. Dir

Éischte Ministerrot fir de Macron
Neiegkeeten

Éischte Ministerrot fir de Macron

Haut um 11.00 Auer presidéiert de franséische President Emmanuel Macron

Stauséi a Wäisswampecher Séi: D’Situatioun huet sech verschlëmmert

Stauséi a Wäisswampecher Séi: D’Situatioun huet sech verschlëmmert

D’Waasseranalysen vun de 6 offizielle Plage vum Stauséi an de Plage vum Wäisswampecher Séi hu gewisen, datt sech nees grouss Quantitéiten u Bloalgen am Waasser befannen. Well et duerch d’Gëftstoffer zu gesondheetleche Problemer komme kann, gëllt elo nees e Verbuet vun alle Waasseraktivitéiten.

D’Waasserverwaltung an d’Gesondheetsdirektioun roden dem Public weder selwer an d’Waasser ze goen, nach säin Hausdéier eralafen ze loossen oder draus ze drénken. Och Fësch aus dem Stauséi oder dem Wäisswampecher Séi sollt een net konsuméieren.

Sollt een nom Kontakt mam Waasser gesondheetlech Problemer opweisen, soll een direkt en Dokter opsichen. Ma, och zu Rëmerschen gëllt nach ëmmer e Verbuet vun alle Waasseraktivitéiten.

An dësem Kader gëtt ënnerstrach, datt déi héich Konzentratioun u Cyanobakterien kee Risiko fir de Konsum vum Drénkwaasser bedeit. D’Drénkwaasser gëtt nämlech aus enger Déift vun ëm 25 Meter ofgezaapt, wou d’Bloalge just wéineg present sinn an en Traitement restlech Toxiner eliminéiert.

Déi aktuell Situatioun kann een iwwert www.waasser.lu verfollegen.

Opmaacherbild: © Christian Fischer (CC BY-SA 3.0)

Related topics Bloalgen, Cyanobakterien, Drénkwaasser, Gesondheetsdirektioun, Hausdéier, Rëmerschen, Schwammverbuet, Stauséi, Traitement, Waasser, Waasseraktivitéite, Wäisswampecher Séi
Next post Previous post