Search

You may also like

Lëtzebuerg geet am Amazon-Dossier an Appell
Neiegkeeten

Lëtzebuerg geet am Amazon-Dossier an Appell

Ausser mam Brexit, huet ee sech zu Bréissel um EU-Sommet

Wann ee sengem Smartphone d‘Hausschlësselen iwwerléisst
Neiegkeeten

Wann ee sengem Smartphone d‘Hausschlësselen iwwerléisst

Programmentwéckler vu Google wëlle beim „Konkurrent“ Apple eng monstréis Sécherheetslück

Bloalgen an der Musel: Haalt iech dovunner ewech!
Neiegkeeten

Bloalgen an der Musel: Haalt iech dovunner ewech!

D‘Plo mat de Bloalge schéngt sech zu Lëtzebuerg zum permanente

Bloalgen: Elo ass och de Séi vu Wäisswampech betraff

Bloalgen: Elo ass och de Séi vu Wäisswampech betraff

Nodeems mir gëschter hu misse virun der Bloalge-Pescht um Stauséi warnen, ass et elo och zu Wäisswampech um Séi esouwäit.

D‘Administratioun vun der Waassergestioun, déi duerch dat massiivt Optriede vu Cyanobakterien am Stauséi op der Uewersauer alertéiert ass, féiert méi Kontrollen duerch, an sinn e Méindeg am Séi vu Wäisswampech och déi onséileg Bloalge gestouss.

Elo ass et dann och zu Wäisswampech mat den Aktivitéiten un an am Waasser eriwwer. Mir erënneren drun, datt recommandéiert gëtt:

  • net an de Séi schwamme goen, an iwwerhaapt all direkte Kontakt mam Waasser ze vermeiden;
  • d‘Hausdéieren net an d‘Waasser ze loossen, och dovunner drénke sollten se net;
  • keng Fësch aus dem Séi an ze konsuméieren.

Foto: (Archiv) © Indymedia-Lëtzebuerg

Related topics Bloalgen, Cyanobakterien, Stauséi, Wäisswampech
Next post Previous post