Search

You may also like

Wat leeft am November op Netflix?
Neiegkeeten

Wat leeft am November op Netflix?

En neie Mount bréngt nei Saachen op Netflix. Hei presentéiere

Mat Barrièren an Netzer d‘Flüchtlingen ofwieren
Neiegkeeten

Mat Barrièren an Netzer d‘Flüchtlingen ofwieren

Mat Barrièren oder Netzer vun enger Längt mat bis zu

De Sultan huet kee Versteesdemech fir Pressefräiheet
Neiegkeeten

De Sultan huet kee Versteesdemech fir Pressefräiheet

Nodeems de Recep Tayyip Erdogan déi moslemesch Welt opgeruff huet

Bloalgen zu Lëtzebuerg: D’Situatioun verschlechtert sech

Bloalgen zu Lëtzebuerg: D’Situatioun verschlechtert sech

D’Waasserverwaltung AGE huet bei rezenten Analysen vun de Schwammgewässer erausfonnt, datt un der Rommwiss nach ëmmer Cyanobakterien ze fanne sinn an d’Situatioun am Baggerweier Rëmerschen sech souguer verschlëmmert huet.

Bis zu enger Konzentratioun vu 4 µg/L u sougenannte Microcystine läit een am Normalwäert. De LIST huet allerdéngs zu Rëmerschen iwwert 10 µg/L gemooss, wouduerch bis op Weideres all Aktivitéiten am Waasser an de Baggerweieren verbuede sinn.

Ähnlech gesäit et fir d’Rommwiss aus. D’Schwammverbuet an d’Prohibitioun vun allen nauteschen Aktivitéiten, déi de 24. August 2020 fir dës Plage ausgeschwat ginn ass, bleift weiderhi bestoen.

Un allen aneren offizielle Plagen um Stauséi, sou wéi um Séi vu Wäisswampech si schwammen a Waasseraktivitéiten autoriséiert.

Opmaacherbild: © Martine de Lagardère / moien.lu

Related topics AGE, Baggerweier, Bloalgen, Cyanobakterien, Microcystine, Rëmerschen, Rommwiss, Schwammen, Stauséi, Verbuet, Waasseraktivitéite, Waasserverwaltung, Wäisswampecher Séi
Next post Previous post