Search

You may also like

Iwwert d‘Kaskaden um Escher Gaalgebierg fléisst nees Waasser
Neiegkeeten

Iwwert d‘Kaskaden um Escher Gaalgebierg fléisst nees Waasser

De Projet, d‘Kaskaden um Escher Gaalgebierg nees ze rehabilitéieren, war

money
Net alles um Réck vun de klénge Leit ausdroen
Neiegkeeten

Net alles um Réck vun de klénge Leit ausdroen

Et war e gewinnt kämpfereschen Toun, deen den ULC-President Nico

Nei Forme fir d’Landwirtschaft: Déi lokal Produktioun am Fokus
Neiegkeeten

Nei Forme fir d’Landwirtschaft: Déi lokal Produktioun am Fokus

Gëschter huet de Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung

Weider Verschlechterungen: Elo och Bloalgen zu Rëmerschen!

Weider Verschlechterungen: Elo och Bloalgen zu Rëmerschen!

No der Rommwiss an dem Séi zu Wäisswampech konnt elo och am Baggerweier zu Rëmerschen eng héich Konzentratioun u Bloalgen nogewise ginn. D’Analyse vum LIST weisen, datt d’Situatioun vum Waasser sech weider verschlechter.

Eréischt viru kuerzem ass, nieft der Plage Rommwiss vum Stauséi, fir de Séi zu Wäisswampech ee Verbuet fir all Waasser-Aktivitéiten ausgeschwat ginn. Wéi elo matgedeelt gouf, ass mëttlerweil och de Baggerweier zu Rëmersche vun de Cyanobakterie befall.

Duerch dat verstäerkt Opkomme vun de Bloalgen an d’Fräisetzung vun hiren Toxinnen, kann all Kontakt mam Waasser fir Mënsch AN Déier gesondheetsschiedlech sinn. Am Waasser konnt eng Konzentratioun vun 10 µg/l vu Microcystiner gemooss ginn, an iwwersteigt esou de maximale Wäert vu 4 µg/l.

D’Waasserwirtschaftsamt réit, datt weder Mënsch, nach Déier a Kontakt mam Waasser kommen an et drénke sollen. Donieft sollt een och keng Fësch aus dëse Gewässer konsuméieren.

Fir Wäisswampech an d’Rommwiss bleift d’Verbuet vun de Waasser-Aktivitéite weiderhi bestoen. Weider Detailer ginn et ënnert www.waasser.lu.

Related topics Bloalgen, Cyanobakterien, Rëmerschen, Stauséi, Waasser, Wäisswampech
Next post Previous post