Search

You may also like

Blummewise fir den urbane Raum: Projet zur ekologescher Opwäertung vu Gréngflächen
Neiegkeeten

Blummewise fir den urbane Raum: Projet zur ekologescher Opwäertung vu Gréngflächen

De Weltbiodiversitéitsrot huet a sengem Bericht vum Mee 2019 festgehalen,

Den iresche „JO“ zum Schwangerschaftsofbroch ass eng Néierlag fir d’Kierch
Neiegkeeten

Den iresche „JO“ zum Schwangerschaftsofbroch ass eng Néierlag fir d’Kierch

De „massive“ Jo vun den Iren zum Recht op de

Giel Gileten: de „Grand Debat“ eng „Kommunikatiounsoffensiv“?
Neiegkeeten

Giel Gileten: de „Grand Debat“ eng „Kommunikatiounsoffensiv“?

Fir d‘Chantal Jouanno, Presidentin vun der nationaler Kommissioun fir den

Laut BioG leit d’Biomëllech aus Lëtzebuerg ënnert dem Protektionismus vun de Nopeschlänner

Laut BioG leit d’Biomëllech aus Lëtzebuerg ënnert dem Protektionismus vun de Nopeschlänner

D‘Ofschafe vun den EU-Mëllechquote setzt déi lëtzebuergesch Bio-Mëllech ënner Drock. Esou zumindest gesinn empfannen et d‘Produzente vu Bio-Mëllech an d‘Cooperative BioG. Si hunn en Dënschdeg Positioun ergraff.

Et sinn elo gutt dräi Joer vergaangen, datt d‘EU d‘Mëllechquoten ad acta geluecht hunn. Eng Mesure, déi zu gréissere Verännerungen am Secteur bäigedroen huet. D‘Bio-Mëllech, déi sech enger grousser Nofro erfreet, an och gutt a stabil Verkafspräisser verzeechent, huet allerdéngs och dozou gefouert, datt vill Mëllechproduzenten uechtert Europa vu Konventionell op Bio ëmgestige sinn.

E Fait deen net onbemierkt un de Lëtzebuerger Produzenten erlaanscht gaangen ass. Déi mussen sech dem Protektionismus vun de Nopeschlänner erwieren. Eng Evolutioun, esou de Volker Manz, Gerant vu BioG, déi bei der Grënnung vun der Cooperative (2015), net ersiichtlech war.

An d‘Evolutioun huet entspriechend Konsequenzen. Et géif elo drëms goen, d‘Nofro an d‘Offer ze stabiliséieren, wat onweigerlech en Impakt op d‘Präisser an d‘Produktioun wäert hunn. Bei der BioG huet ee sech wuel op dësen Zeenario agestallt, mee et wier een dann awer iwwerrascht gewiescht, vun der protektionistescher Politik, déi eis Noperen un den Dag geluecht hätten.

De Volker Manz stellt dréche fest, datt vill Supermarchéen an aner Geschäfter sech der Tendenz ugepasst hunn. Eng Tendenz, déi de Verkaf vu regionale Produite privilegiéiert, en esou besonnesch am Beräich vun de Bio-Produkter protektionistesch Zich ugeholl huet.

De Konsument iwwerzeegen

Géintiwwer dësem protektionistesche Positionnement fir regional Produite, an ugesicht dem Produktionsiwwerschoss vun der Cooperative, wier BioG gezwongen, en Deel vun hirer Bio-Mëllech zu konventionelle Präisser ze verkafen. D‘Präisser déi BioG senge Mëllechproduzente bezilt, si säit Joresufank entspriechend an d‘Gette gaangen.

Et wier awer mat engem Solidaritéitsfong, deen am Grupp Oikopolis geschaf ginn ass, eng Léisung fonnt ginn. Déi wier „liewensfäeg“ a géif d‘Verloschter vun de Bio-Mëllechproduzenten a Grenzen halen. Fir d‘Bio-Mëllech nees méi attraktiv ze maachen, gëtt elo eng Campagne gestart.

Fir de Konsument an d‘Mëllechproduzente vun der Cooperative nees méi no beienaner ze kréien, organiséiert BioG iwwert déi nächst sechs Woche verschidden Aktivitéiten. Et soll awer och eng Campagne sinn, déi en edukative Méiwäert huet. De Konsument soll am Kader vun dëser Campagne iwwert de „wéi a firwat“ vun de Produktioun vu Bio-Mëllech informéiert ginn.

Bei dëser Aktioun geet et och drëms, de Konsument doriwwer ze informéieren, wou hien d‘BioG-Produiten ze kafe kritt. D‘Leit sinn opgeruff, eng Foto vun engem Geschäftsrayon – op där een d‘BioG-Mëllech gesäit – an de sozialen Netzwierker ze verëffentlechen.

Bei der Foto déi esou verëffentlecht gëtt, muss den Auteur vum Bild den Uert an d‘Zäit uginn, zu där hien de BioG-Rayon gesinn huet. Dat ass dann u sech och schonn alles wat ee muss maachen, fir eng vun de sechs Corbeillen – am Wäert vun 100 Euro – ze gewannen. D‘Campagne ass en Dënschdeg ugelaf an leeft nach bis den 30. Abrëll. (www.biog-molkerei.lu)

Related topics #blokou, Bio-Mëllech, BioG
Next post Previous post