Search

You may also like

De 7. Spilldag vun der Nationaldivisioun (mat Pronostic)
International Neiegkeeten

De 7. Spilldag vun der Nationaldivisioun (mat Pronostic)

Schock tëscht Fola a Swift, den Dauphin vu Munneref empfänkt

US-Deputéiert dierfen net an Israel areesen
International Neiegkeeten

US-Deputéiert dierfen net an Israel areesen

Dat huet esou nach net ginn: zwou Deputéiert vum US-Kongress,

Déidlecht Accident um Belval
International Neiegkeeten

Déidlecht Accident um Belval

De Policebericht um Sonndegmueren ass nees därer een, op deen

Blot Blutt ass Kriseresistent

Am Empire sinn d‘Lännereie vun der Queen net vun de strengen ökologeschen Oplage betraff

Blot Blutt ass Kriseresistent

Et ass de facto keen Zoufall, datt just um „Earth Overshot Day“ am Empire d‘Noriicht d‘Ronn mécht, laut därer sech d‘Queen Elisabeth d‘Recht geholl hätt, hir a Schottland geleeë Lännereien, vun de strengen Ëmweltschutzoplagen auszehuelen. Dat suergt elo op der Insel fir gutt Laun an d‘Medie wëssen hiert Summerlach gestoppt.

Wann sech déi allermeeschte Britte bis ewell ëmmer ganz iwwerzeegt ginn hunn, datt d‘Queen sech net a politesch Affären an Diskussiounen abréngt, dann huet dat vill mat Traditioun an Erzéiung ze dinn. Déi „nei“ Generatioune ginn esou eppes bekanntlech méi differenzéiert un, firwat der Bom hir Extrawurscht deem engen oder aneren eppes queesch hänke bliwwen ass. Wat ass elo nëmme lass?

A Schottland huet d‘Parlament rezent beschloss, datt wa Leitunge fir déi ökologesch Verdeelung vun Hëtzt, beispillsweis aus Blockheizkraaftwierker mat Kraaft-Hëtzt-Koppelung, mee och aus der Industrieproduktioun, der Geothermie a villem anere méi, muss e geluecht ginn, d‘Landbesëtzer dierfen enteegent ginn. Un a fir sech eng den haitege klimateschen Defien enstpriechend Decisioun.

She‘s got the power!“

Wéi kënnt d‘Queen derlaanscht, huet si wierklech esouvill Muecht? Zum enge muss drop higewise ginn, datt d‘Queen de Boss ass an all d‘Gesetzer dierf virun den Debaten am Parlament agesinn, a wuel och nach ëmmer d‘Recht huet Amendementer, an dës Texter afléissen ze loossen. A firwat sollt och grad d‘Queen drop verzichten, hir héchst privat Interessen ze schützen? Si ass de Chef!

Elo ob emol gëtt en Drama aus der Erkenntnis gemaach, datt wa Mënschen d‘Muecht hunn, si dës och notzen. An nee d‘Queen Mumm ass net aus engem Mäerechersbuch gefall, an nee Royals sinn net Gottes Wëllen an de Prënz „Charming“ ass och just eng bewaffent rektal Ëffnung. Richteg, et dierf een erwänen, datt et geleefeg ass, datt Staatscheffe wéi d‘Queen, zuweile Gesetzer beaflossen.

Vergiesse mir dann hei och net de Prënz Charel. Hien ass erwisenermoossen ee grousse Frënd vun der Natur an Ëmwelt, stäipt geleeëntlech ökologesch Projeten, fërdert den Engagement fir d‘Klima. Et sollt een och net erwaarden, datt d‘Britten elo demonstréieren an Transparenz fuerderen, dat ass de Medien hire Job. An déi hu leedeglech „erausfonnt“ datt d‘Queen nach ëmmer d‘Instanz ass.

mat indymedia/edi/lon

Illustratioun: A punkto Ëmweltschutz wéi bei den CO²-Emissiounen, ass d‘Queen Elisabeth II jo awer éischter virbildlech © Mark de Jong / unsplash

Related topics Äerderwiermung, Empire, Ëmweltschutz, Groussbritannien, Klimaschutz, Klimawandel, Lännereien, Queen Elisabeth II, Schottland
Next post Previous post