Search

You may also like

Oppasse wat op den Dësch kënnt!
Kultur Neiegkeeten

Oppasse wat op den Dësch kënnt!

Elo gëtt virun de 4×60 Gramm Kéiscroquete vun Iglo gewarnt,

dislikesurprise
No der Aggressioun géint Syrien wëll d‘EU de politeschen Dialog nees ophuelen
Kultur Neiegkeeten

No der Aggressioun géint Syrien wëll d‘EU de politeschen Dialog nees ophuelen

Bei der Sëtzung vum Rot vun den europäeschen Ausseminister zu

Aus der Vergaangenheet léieren: En edukativen Zenter fir d’Pafemillen
Kultur Neiegkeeten

Aus der Vergaangenheet léieren: En edukativen Zenter fir d’Pafemillen

Tëscht 1941 an 1943 sinn honnerte Judden aus Lëtzebuerg an

BLUE – Eng Expo vum Sandra Biewers an der Kulturfabrik

Um 8. 9. an 10 Oktober 2020 mat Vernissage um 8. Oktober ab 18:00 Auer

BLUE – Eng Expo vum Sandra Biewers an der Kulturfabrik

D’Expo BLUE ass d’Fruucht vun der Aarbecht vun den dräi leschte Joer, an deenen d’Artistin Sandra Biewers den Himmel reegelméisseg beobacht an en op eis Äerd erofbrénge wollt. Gewise ginn déi verschiddenst Blo-Nuancen op ënnerschiddleche Supporten.

Zil vum Projet war et Zäit bewosst opzehuelen, mee och a gewësser Form an d’Dreem andauchen. Esou huet d’Sandra Biewer reegelméisseg erop an den Himmel gekuckt, e fotograféiert an absorbéiert.

Jee no Zäit changéieren d’Blo-Téin a klengen Nuancen. Dës Faarftéin wollt si mat Uelegfaarw representéieren. Lues a lues ass d’Aktioun zu engem alldeeglechen a poetesche Ritual ginn, bei deem den onméigleche Versuch ënnerholl ginn ass, fir den Himmel an d’Zäit ze besëtzen.

Blue

Seng himmlesch Aventure spigelt sech mat dëser Expo op verschidden artistesche Supporten erëm.

D’Sandra Biewers ass 1983 zu Lëtzebuerg gebuer ginn, huet als Jugendlecht den Iechternacher Lycée besicht. Faszinéiert vun der Haut als Ënnergrond fir Konschtwierker huet d’Artistin am Joer 2010 Inktologie Tattoo an d’Liewe geruff. Mat BLUE verwierklecht si elo hir éischt Eenzelausstellung.

Related topics Ausstellung, Blotéin, BLUE, Himmel, Kulturfabrik
Next post Previous post