Search

You may also like

Salon du Vintage – Um 24. a 25. Oktober an der LuxExpo
Kultur Neiegkeeten

Salon du Vintage – Um 24. a 25. Oktober an der LuxExpo

Exklusiv fir d’éischt kéier ze Lëtzebuerg gëtt et eng Ausstellung

surprise
50 Joer FLSC: Vill Erënnerungen a flott Anekdoten
Kultur Neiegkeeten

50 Joer FLSC: Vill Erënnerungen a flott Anekdoten

Wann der esouguer de Sportminister zum 50 Gebuertsdag gratuléiert, dann

Legal, illegal… wéi Italien Migratioun nei definéiert
Kultur Neiegkeeten

Legal, illegal… wéi Italien Migratioun nei definéiert

Wien elo mengt, datt Italien sech eng nei „Humanitéit“ entdeckt

Blues‘n Jazz Rallye an der Alstad

Dëse Weekend zelebréiert de Blues an Jazz Marathon seng 25. Editioun, kommt a maacht mat

Blues‘n Jazz Rallye an der Alstad

Zanter elo 25 Joer organiséiert de Luxembourg City Tourist Office (LCTO) zesumme mat der Stad Lëtzebuerg an dem Blues Club Lëtzebuerg et mat de schéinste Festivaller fir d‘Blues an Jazz Zeen an der Groussregioun. Et ass och ee vun de gréissten Open-Air Events an der Regioun.

Dëse Festival, dee sech iwwert d‘Joren eng zolidd Renommée opgebaut huet, zitt dausende Gäscht an d‘Gaasse vu Clausen, dem Grond an dem Pafendall, a vill dovunner kommen dann och nees all Joer zréck. Et ass jo awer och eng lass op dësem Owend. Wäit iwwer 200 Museker trieden op: dat an de Caféen, de Restauranten, op de Bühnen – déi zimlech iwwerall opgestallt goufen – an eben iwwerall do wou et geet. Dat allerbescht um Ganzen: et muss ee just gutt Laun matbréngen an deen een oder aneren Euro fir den Duscht tëschenduerch.

A well et Jubiläum ass, gëtt et dann ee Freidegowend och schonn esou eppes wéi en Avant-goût. D‘Editioun 2019 gëtt also gëtt éischter lancéiert wéi gewinnt. An et lount sech derbäi ze sinn. Vun 20.30 bis 22 Auer gëtt et Blues vum feinste mat der däitscher Band „Greyhound‘s Washboard Band“. All Detailer dozou, och de Programm vum Samschdeg fannt dir op der Internetsäit vum LCTO. Noutwenneg Informatiounen zum Transport kënnt Dir HEI noliesen.

Foto: Envato

Related topics Alstad, Blues Club Lëtzebuerg, Clausen, Gronn, LCTO, Pafendall, Stad Lëtzebuerg
Next post Previous post