Search

You may also like

Louisiana: Entweder de Sozialdéngscht oder Impfung
Kultur Neiegkeeten

Louisiana: Entweder de Sozialdéngscht oder Impfung

E Riichter aus Louisiana léisst Mënschen, déi zu Baton Rouge

Australien: Pedophille Kardinol George Pell bleift am Bing
Kultur Neiegkeeten

Australien: Pedophille Kardinol George Pell bleift am Bing

De Kardinol George Pell deen der Welt ëmmer als virbildleche

An Erënnerung un den Novemberpogrom vun 1938
Kultur Neiegkeeten

An Erënnerung un den Novemberpogrom vun 1938

An der Nuecht vum 9. op den 19. November 1938

Blutbringer: Vum Polizist zum Monster

Blutbringer: Vum Polizist zum Monster

En neit Buch vum Paul Cleave ass um Maart! Dobäi ginn et allerdéngs zwou Ännerungen – d’Handlung spillt net wéi üblech an Neiséiland an och de Verlag huet gewiesselt. „Blutbringer“ huet seng Heemecht bei Piper fonnt.

Mee natierlech huet den Auteur awer eng Killer-Story am Gepäck! Et fänkt mam Alyssa un, wat am Alter vun nëmme 7 Joer entfouert gëtt, de Polizist Noah Harper setzt alles drun, fir dat jonkt Meedche gesond a monter erëmzefannen. Dat geléngt him natierlech, seng Doten hunn allerdéngs Konsequenzen – hie verléiert alles, d’Aarbecht, d’Fra, Frënn a sech selwer.

Et verginn 12 Joer, d’Alyssa verschwënnt op en Neits. A fir hatt erëm ze retten, muss den Noah sech entscheeden, wat hien alles op d‘Spill wëll setzen. Wéi wäit däerf e Mënsch goen, wann et drëms geet een aneren ze retten? Wou ass d’Grenz?

De Paul Cleave verbëtzt keng Zäit, d’Geschicht fänkt direkt spannend an nawell zimmlech bluddeg un – an esou léiere mir den Noah kennen – matzen an der Verwandlung vum Polizist zum Monster.

Egal wéi, den Noah ass e sympatheschen, loyale Kärel, jo ech konnt seng verzweiwelt Dote souguer novollzéien. Hien mécht wat e fir richteg hält, ouni groussaarteg driwwer nozedenken. Bleift nach ze soen, datt seng Ängschten a Bedenken däitlech beim Lieser eriwwer kommen, hien huet e Gewëssen. Och wann et net sou schéngt.

D‘Niewefigure si villäicht net sou gutt gezeechent, ma dat mécht näischt, de Fokus läit hei souwisou beim Noah. An dorop kënnt et un. Et weess een eréischt wéi een an enger Extremsituatioun reagéiert, wann ee matzen drastécht. Ass ee bereet alles ze riskéieren?

Wéi bei all sengen anere Bicher ass dem Paul Cleave säi Schreifstil speziell, no e puer Säiten huet hien de Lieser komplett a säi Bann gezunn. D’Geschicht entwéckelt sech vu Säit zu Säit an erreecht iergendwann eng Eegendynamik, ma dat ass net bei all Buch méiglech. D’Stëmmung ass nawell düster, d’Nerve leie blank – och dat passt. A wat de Schluss ubelaangt? Do fale mir tatsächlech keng Wierder an …

Related topics Alyssa, Blutbringer, Buchtipp, Extremsituatioun, Krimi, Monster, Noah Harper, Paul Cleave, PIPER Verlag, Polizist
Next post Previous post