Blutgewinsel – Erzielkonscht vun a mam Betsy Dentzer a Selma Scheele

De 27. November 2021 um 19:30 Auer an der Kulturfabrik

„Mord ist der Wollust nah wie Rauch dem Feuer“ sot schonn de William Shakespeare. Ma, da fänke mir mol un! Nee, net morden, mee dovun erzielen! Mir wäerten Iech hannerrécks d’Oueren bluddeg erzielen bis Iech d’Hoer zu Bierg stinn – mat messerschaarfe Wierder, rätselhaften Anekdoten an äiskale Kriminalgeschichten. Mir hu Blutt geleckt a kënnen et Iech net erspueren: eist genësserlecht batterbéist Bluttgewënsel.

Nom Maria Carmela Marinelli ass d’Kölnerin Selma Scheele déi zweet Erzielkënschtlerin, déi vum Betsy Dentzer op Lëtzebuerg ageluede gëtt, fir am Kader vun der Serie Tête-à-Tête mat hir opzetrieden. Tête-à-Tête gouf 2019 vum Betsy Dentzer gemeinsam mat den dräi Partnerhaiser (Kulturfabrik, Coopérations Wiltz, Kulturhaus Nidderaanwen) an d’Liewe geruff, fir dem Publikum déi ganz Bandbreet vun der Erzielkonscht méi no ze bréngen. Déi éischt Editioun huet am November 2019 ënnert dem Titel „Nachtschattengeschwätz“ stattfonnt.

D’Selma Scheele lieft zu Köln a schafft als Erzielerin a Seminarleedung iwwerall, wou Geschichten gehéiert an erzielt wëlle ginn. Si erzielt Märercher, Mythen a biografesch Geschichten fir all Alter. Duerch hir ausdrocksstaark a gefillsvoll Erzielweis gi Figure lieweg a plastesch Biller an d’Käpp vum Publikum gezaubert.

D’Lëtzebuergerin Betsy Dentzer ass Erzielerin an Theaterpedegogin. Si schafft mat Theateren, Kulturhaiser am In-an Ausland, awer och mat Schoulen a Formatiounsinstituter zesummen. Groussen Interessi huet si un der interdisziplinärer Aarbecht mat anere Kënschtler, souwuel op der Bün wéi och hannert dem Mikrofon fir divers Hörspiele.

  • Mordkomplott a Gewënsel: Selma Scheele a Betsy Dentzer
  • Alter vun den Affer: 15 bis 99 Joer
  • Tatwaff: Lëtzebuergesch an Däitsch
  • Dauer: ëm 75 Minutten
  • Tatorte: Brandbau Wolz (25.11.2021), Kulturfabrik Esch (27.11.2021), Kulturhaus Nidderaanwen (28.11.2021)

Weider Informatiounen an Ticketen fannt Dir op kulturfabrik.lu.

Dernières nouvelles