Search

You may also like

OPGEPASST! Versichte Bedruch an der Gemeng Käerjeng!
Neiegkeeten

OPGEPASST! Versichte Bedruch an der Gemeng Käerjeng!

De Kolléisch vum Buergermeeschter a Schäfferot vun der Gemeng Käerjeng

Vereedegung vu S.A.R. dem Prënz Paul-Louis an der Arméi
Neiegkeeten

Vereedegung vu S.A.R. dem Prënz Paul-Louis an der Arméi

Nodeems S.A.R. de Prënz Paul-Louis de Nassau seng Formatioun an

Dammefussball: Eng „elektresch“ Renconter an der Coupe
Neiegkeeten

Dammefussball: Eng „elektresch“ Renconter an der Coupe

Eng duerchaus „faarweg“ – bezunn op dem Arbitter seng Kaarten

Blutgott vum Veit Etzold – Spannung bis zum leschte Punkt

Blutgott vum Veit Etzold – Spannung bis zum leschte Punkt

Blutgott (Droemer Knaur Verlag) vum Veit Etzold ass näischt fir zaart Gemidder, ech hunn d’Clara Vidalis schonn e puermol bei senge Fäll begleet – awer net allkéiers. Dat mécht awer näischt aus, et kann een d’Bicher onofhängeg vunenee liesen.

Dem Här Etzold seng Schreifweis suergt dofir, dass dem Lieser d’Schudderen de Réck eroflafen. Dass een Héngerhaut kritt a Pause muss maachen. Grujeleg! D’Strass gëtt enk, et muss e schlécken. Et fillt sech voyeuristesch un.

Den Ufank vum Buch huet et schonn a sech – e brutale Muerd, zimlech detailléiert beschriwwen. An et soll net de leschte bleiwen. D’Mäerder sinn nach keng Teenager a muerden e bemol däitschlandwäit. Se si mannerjäreg, wéi sollen se bestrooft ginn? Guer net? Ass dat richteg? D’Clara kann a wëll net gleewen, dass si aus fräie Stécker handelen, hatt ermëttelt a wëll d’Wourecht erausfannen.

Et ass interessant him dobäi iwwert d’Schëller ze kucken (an dobäi a Sécherheet ze sinn). De Lieser ass him ëmmer e Schratt viraus, ma dat ännert guer näischt un der Spannung! Hatt muss zu ongewéinleche Mëttele gräifen, ma hält d’Clara sech un d’Gesetzer? Dem Clara säi Géigner ass staark an huet eng ganz Arméi, déi ob säi Kommando héiert. Vun wiem ginn d’Kanner manipuléiert?

Fir e bëssen Humor suergt dem Clara säi Mann Martin, de MacDeath, hien huet ëmmer e passende Sproch parat. D’Charaktere sinn authentesch. Flott ass och, dass Fachausdréck verstänneg erkläert ginn. An et gi vill Mäerder zitéiert déi an der Realitéit existéieren. Do fänkt een u sech Froen ze stellen …

Wéi realistesch ass dës Fiktioun? Sinn tatsächlech Killerkanner am Dark-Web ze fannen? Wéi sécher sinn eis Kanner? Wou kënne mir kontrolléieren ob se net negativ beaflosst ginn?  Wat mécht Äert Kand um Handy? D’Buch stëmmt nodenklech. Ech si besuergt!

De Schluss allerdéngs ass fies, elo muss ech den nächsten Deel och liesen, ech wëll wëssen ewéi et weidergeet – sou soll et sinn! Spannend bis zur leschter Zeil.

Puh, an elo muss ech e Libesroman liese fir erofzekommen … Oder zwee.
Kënnt Dir mir der recommandéieren?

Opmaacherfoto: Blutgott vum Veit Etzold – Verlag Droemer Knaur

Related topics Blutgott, Buch, Clara, Killer, Liesen, Literatur, Spannung, Thriller, Veit Etzbold, Veit Etzold
Next post Previous post