Expo BMW Art Cars: Wann Automobilsport a Konscht sech vereenen

Aus enger einfacher Iddi vun engem franséischen Automobilsportler sinn iwwert d‘Joren eng ganz Rei rasant Konschtwierker entstanen. A genee dës eenzegaarteg Gefierer, bemoolt vu renomméierte Kënschtler aus der ganzer Welt, goufen mat der Expo BMW Art Cars presentéiert.

Vum 7. Mee bis de 14. Juni goufen, am Kader vun Esch2022, an der Metzeschmelz zu Esch-Schëffleng 9 vu ganzer 19 fantastesch Unikater op Lëtzebuerg bruecht. 

Mat dobäi waren ënnert anerem bemoolte BMW‘en vum Robert Rauschenberg, Andy Warhol, César Manrique oder och vum Roy Lichtenstein. Wärenddeem goufen a Form vu Miniatur-Autoen an der Entrée vun der Expo weider Gefierer ausgestallt.

Entstanen ass dës Iddi iwwregens duerch de franséische Pilot Hervé Poulain, deen 1975 déi éischt Kéier um 24 Stonne Renne vu Le Mans deelgeholl huet. Heivir wollt hie Konscht an Automobilsport vereenen. 

Mat Ënnerstëtzung vum Jochen Neerpasch, Grënner vun BMW Motorsport, gouf den innovative Projet schliisslech an d’Realitéit ëmgesat. Säi BMW 3.0 CSL gouf vu kengem aneren wéi dem US-amerikanesche Artist Alexander Calder an een eenzegaartegt Meeschterwierk verwandelt.

Nom groussen Erfolleg, souwuel fir d‘Aen, wéi och op der Rennstreck, gouf am Joer duerno de Frank Stella auserwielt e BMW ze bemoolen. Wéi een bei der Expo gesinn huet, gouf mam Projet viru gefuer.

Dernières nouvelles