Search

You may also like

Et huet een aus den Iwwerschwemmunge vu virun zwee Joer geléiert a vill investéiert
Kultur Neiegkeeten

Et huet een aus den Iwwerschwemmunge vu virun zwee Joer geléiert a vill investéiert

Et ass elo bal zwee Joer hir, datt et zu

HR Luxembourg Award: D’CFL gewënnt dräi Präisser
Kultur Neiegkeeten

HR Luxembourg Award: D’CFL gewënnt dräi Präisser

Ganz stolz annoncéiert de Grupp CFL, datt si bei der

surprise
Den OGBL verlaangt eng Drénglechkeetssëtzung mam Romain Schneider
Kultur Neiegkeeten

Den OGBL verlaangt eng Drénglechkeetssëtzung mam Romain Schneider

Um 30. Januar hat de Sozialversécherungsminister Romain Schneider d‘Prioritéite vun

BnL: De Claude D. Conter iwwerhëlt ab Juli d’Direktioun

BnL: De Claude D. Conter iwwerhëlt ab Juli d’Direktioun

Elo huet d’Joanne Goebbels opginn, d’Nominatioun zeréckgezunn an iwwerléisst d’Bühn dem Claude D. Conter. Ab dem 3. Juli 2020 iwwerhëlt hien d’Tâche vum Direkter vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik (BnL). Selwer Auteur kann hie mat räichlech Kenntnisser iwwerzeegen.

Claude D. Conter

D’Nominatioun vum Joanne Goebbels als Direktesch vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik (BnL) stoung hefteg an der Kritik. Mat der Stater LSAP-Politikerin géif d’Kultur ee Stéck méi „deprofessionaliséiert“ ginn. Weder op d’Erfarung an dësem Beräich, nach op den CV hätt ee bei dëser Decisioun gekuckt.

Dat zährt un den Nerven an esou huet d’Joanne Goebbels Plaz fir en anere Kandidat gemaach. A senger Sitzung vum 25. Mee 2020 huet de Regierungsrot S.A.R. dem Groussherzog de Claude D. Conter, deen zënter 2012 Direkter vum Mierscher Literaturzenter (CNL) ass, presentéiert. An engem décke Mount féiert hien d’Aarbecht vun der fréierer Direktesch Monique Kieffer, déi no 20 Joer an der BnL an Pensioun gaangen ass, fort.

Claude D. Conter

E Mann mam néidegen Know-How

Nieft sengem Studium a Germanistik a Kommunikatioun zu Bamberg, respektiv Berlin war de Claude D. Conter wëssenschaftleche Kollaborateur a Chargé de Cours zu Bamberg, Tréier a München. Als sougenannte „visiting professor“ huet hien och d’University of the South (TN, USA) besicht.

Vun 2003 bis 2006 huet hien als wëssenschaftleche Kollaborateur am CNL gewierkt, wou hie sech besonnesch dem Projet vum Dictionnaire vun de Lëtzebuerger Auteuren zougewennt huet. Knapp 2 Joer méi spéit huet den zukünftege BnL-Direkter d’Tâche vum Konservator am Mierscher Literaturzenter ugeholl, gouf 2012 hei zum Direkter erhuewen.

Zu Lëtzebuerg ass hien ënnert anerem bekannt als Auteur. Erausginn huet hie verschidde wëssenschaftleche Publikatiounen zum Archivéieren, der däitscher Literatur vum 18. Joerhonnert bis haut, der Relatioun tëscht Literatur an Theater, Literatur a Politik, sou wéi Literatur a Recht.

Am Joer 2003 konnt de Claude seng Dokter-Thesis zu de Visioune vun Europa tëscht 1815 an 1848 verëffentlechen. Aktuell bréngt hie Kollaboratioune mat der CNL-Ekipp eraus, sou wéi beispillsweis d’Ausstellungskatalogen oder och d’Wierk Fundstücke – Trouvailles.

Elo bleift just d’Fro: Wie gëtt dann Direkter vum CNL?

Related topics BnL, Claude D. Conter, CNL, Direkter, Joanne Goebbels, Nationalbibliothéik, Nationale Literaturzenter
Next post Previous post