Search

You may also like

Omega 90 kann e produktiivt Joer virweisen
Kultur Neiegkeeten

Omega 90 kann e produktiivt Joer virweisen

Bei de Generalversammlung am „Omega Haus“ huet de President vun

Krus de mat? De Wochequiz (Woch vum 23. Oktober)
Kultur Neiegkeeten

Krus de mat? De Wochequiz (Woch vum 23. Oktober)

[onionbuzz quiz-id=40][/onionbuzz] Wéi all Woch froe mer och dës Woch

Neikaledonien wiert sech géint de Plastik
Kultur Neiegkeeten

Neikaledonien wiert sech géint de Plastik

Neikaledonien huet entscheet, bis 2020 progressiv all Plastik fir den

Remise vum Dafschäi vum Rousestack Pierre d’Aspelt

Remise vum Dafschäi vum Rousestack Pierre d’Aspelt

D’Associatioun Patrimoine Roses pour le Luxembourg a Gaart an Heem Uespelt hunn der Nationalbibliothéik zwee Dafschäiner vum Rousestack Pierre d’Aspelt iwwerginn, dëst a Gedenken un de 700. Doudesdag vum Peter d’Aspelt, deen 1335 als Äerzbëschof vu Mainz verstuerwen ass. Dës weidere war hien en Staatsmann mat virbildlecher europäescher Karriär.

De Rousestack gouf de 5. Juni 2021 an engem klenge Kader virum Uespelter Schlass gedeeft. Duerch d’Remise vum Dafschäi mat den Originalënnerschrëfte vu Pätter a Giedel wëll de Veräi Patrimoine Roses pour le Luxembourg d’Ëffentlechkeet nees e bësse méi fir d’Villfalt vun de Rousen begeeschterern.

D’Rousenziichterei kënnt nämlech esou lues an d’Häerz sou wéi an d’Gäert vun de Mënschen zeréck. Dat neit Dokument wäert den Nationalbibliothéikfong beräicheren, en enthält well Dafschäiner fir Rouse vum Anise Koltz an Anne-Beffort. Iwwert d’Sichfunktioun a-z.lu vun der Nationalbibliothéik ass et méiglech divers Artikelen zum Pierre d’Aspelt anzegesinn. Säi Rousestack ass liichtend rosa, blitt vill an ass immens widderstandsfäeg.

Elo scho kënnt Dir Äre Stack bestellen, mee geliwwert gëtt eréischt am Hierscht 2022. Weider Informatioune ginn et op www.patrimoine-roses.lu.

Opmaacherbild: De Claude D. Conter, Direkter vun der BnL an d’Kim Krier, Assistentin an der Direktioun, krute vum Claudine Als, Presidentin vun der Asbl Patrimoine Roses pour le Luxembourg an dem Aloyse Schiltz, Vize-President vun der Asbl Gaart an Heem Uespelt de Dafschäi vum Rousestack Pierre d’Aspelt © BnL / Sven Muhlen

Related topics BnL, Dafschäin, Gaart an Heem Uespelt, Nationalbibliothéik, Patrimoine Roses pour le Luxembourg, Pierre d'Aspelt, Rousestack
Next post Previous post