Death Note ass e Remake, dee kee braucht
Wat gouf net schonn alles iwwert des Netflix Ëmsetzung vun
D‘Reputatioun vun der britescher Firma Cambridge Analytica (CA) war souwisou
Fir zéngdausende Kölner a Karnevalsbegeeschterter huet um 11.11. pünktlech um
Nom groussherzogleche Reglement, wat um 6. November 2009 geännert ginn ass, sammelt d’Nationalbibliothéik op legaler Basis gedréckte Publikatioune vun all Genre, zu Lëtzebuerg verëffentlecht Dokumenter an – wéi och aner national Bibliothéiken – ginn Internetsäite mam Domain „.lu“ gespäichert.
Fir säin Zil ze erreeche ginn, a Kollaboratioun mat der amerikanescher Fondatioun Internet Archive, mat reegelméissege Campagnen extensiv Informatioune gesammelt, dëst och deelweis zu spezifeschen Themen. Zu dëse spezielle Kollektioune gehéieren ënnert anerem d’Gemengewahle vun 2017, d’Nationalwahle vun 2018 oder och d’Europawahle vun 2019. Ee weidere Beräich sinn d’Internetsäiten zu nationale Festivitéiten oder och déi Säiten, déi zum Dout an dem Begriefnis vum Groussherzog Jean erstallt gi sinn.
Wien d’Webarchiv vun der Nationalbibliothéik notze wëll, dee muss perséinlech op de Kierchbierg an d’Bibliothéik kommen. Duerch de Schutz vun den Auteursrechter kann dat digitaalt Archiv net aus der Distanz opgeruff ginn.
Momentan ass d’Säit webarchive.lu just op Englesch zougänglech, wäert awer an nächster Zäit och an déi franséisch Sprooch iwwersat ginn.
Sief et eng traditionell Internetsäit, ee Blog oder ähnleches besteet ëmmer de Risiko, datt d’Säit geläscht gëtt, wouduerch zukünfteg Generatiounen eventuell keen Zougrëff op den Ensembel vum Verëffentlechte kréien.
Mam Webarchiv vun der BnL kann een dëse Problem léisen an och op laang Zäit den Accès op den digitale Patrimoine vu Lëtzebuerg garantéieren.
Mat senge 57 Memberen aus 45 Länner ass den International Internet Preservation Consortium (IIPC) eng weltwäit Organisatioun, déi Wëssen an Informatioune vum Internet sammelen, schützen an fir zukünfteg Generatiounen accessibel maache wëll. De Reseau vu Bibliothéiken, Archiven an Institutioune fërderen den internationalen Echange an d’Kooperatioun an dësem komplexe Beräich.
D’BnL ass zënter 2017 Member beim IIPC an gehéiert zu verschiddenen Aarbechtsgruppen zur Formatioun vu professionellem Personal am Beräich vum Archivage vum Web. Zesumme mat der UNI.lu organiséiert d’Nationalbibliothéik 2021 déi sougenannt Web Archiving Week, déi Spezialisten aus der ganzer Welt zesumme bréngt.