De Sträit tëscht dem OGBL an de Fleegeheimer geet an d‘Mediatioun
De soziale Konflikt an de Fleegeheimer geet an eng éischt
De soziale Konflikt an de Fleegeheimer geet an eng éischt
Am Zäitalter vum Smartphone ginn ons Kanner ëmmer méi fréi
D‘Reprise an der Belsch war schonn e Sonndeg agelaut ginn.
Den Zweete Weltkrich huet am besetzte Lëtzebuerg zuelräich Gruppe vun Auswanderer zesummebruecht, deenen hir Wuerzelen am Zarerussland leien. Am Ufank vum 20. Joerhonnert si vill Aarbechter an der Stolindustrie aus dem deemools russesche Polen komm, wärend sech déi jüddesch Kafleit aus der Ukrain och hei ugesidelt hunn, well si virun de Pogrome geflücht sinn.
Nom Éischte Weltkrich huet sech de Grupp duerch déi ehemoleg Krichsgefaangen an no der Oktoberrevolutioun vun 1917 duerch déi politesch Flüchtlinge vergréissert. Mat der Besatzung vum Groussherzogtum huet sech dunn déi ethnesch, politesch a reliéis russesch Diaspora mat den ZwangsaarbechterInnen aus der Sowjetunioun vervollstännegt.
Ma, d’NS-Besatzer hunn hir Stellungen nei definéiere mussen: Et koum zur Opdeelung a Jeeër a Gejoten. Mënsche mam selwechten Dialekt oder der selwechter Heemecht sinn hei an do hannert dem Stacheldrot vun den zuelräichen Aarbechtslager am Süde vu Lëtzebuerg gelant.
D’Dr. Inna Ganschow profiléiert sech als Geschichtsjournalistin am Beräich vun der russescher Geschicht vum 20. Joerhonnert. Aktuell schafft si als Migratiounsfuerscherin am Zentrum fir Zäitgeschicht an digital Geschichtswëssenschaften (C2DH) vun der Uni.lu.
Dësen Abléck an d’Geschicht, deen um 8. Oktober an der BnL virgedroe gëtt, wäert an däitscher Sprooch presentéiert ginn. D’Umeldung ass obligatoresch a soll bis spéistens den 2. Oktober 2020 ënnert reservation@bnl.etat.lu erageschéckt ginn.
Duerch déi aktuell Situatioun kann d’Evenement kuerzfristeg geännert oder ofgesot ginn. An dësem Fall ginn all Participante per E-Mail informéiert.