BnL Summer School: Informatiounen zur Editioun 2022

Nom groussen Erfolleg vum leschte Joer lancéiert d’Lëtzebuerger Nationalbibliothéik (BnL) och dëst Joer nees seng Summer School. Vum 1. bis de 6. August 2022 gëtt en interessante Programm ronderëm d’BnL ugebueden, bei deem een seng Kenntnisser ronderëm d’Bicher, d’Missiounen an d’Erausfuerderunge vun enger Bibliothéik verdéiwe kann.

Am Fokus sti besonnesch d’Beruffer vum Bibliothekär, Archivist an Dokumentalist. Schüler kënne sech hei austauschen, sech op e Stage an der BnL virbereeden an déi alldeeglech Aufgaben méi no kenne léieren.

De Programm

  • Dag 1: D’BnL – Eng Institutioun, säi Gebai a seng Sammlungen
  • Dag 2: Logistik, Lagerung a Conservatioun
  • Dag 3: Erhalt vu Kollektiounen a Gestioun vun historeschen Dokumenter
  • Dag 4: Lëtzebuerg online
  • Dag 5: Digital wëssenschaftlech Ressourcen, Open Access an den laangfristegen Erhalt vum digitale Beräich
  • Dag 6: Wäertschätzung vun der Bibliothéik a senge Kollektiounen

Deelhuelen dierfe Schüler aus de Klassen 2e oder 1re, sou wéi Studenten aus Universitéiten an Héichschoulen. Heibäi hu Schüler a Studenten aus de Beräicher Bibliothekonomie, Archivage an Dokumentatioun Prioritéit.

D’Unzuel vu Participanten ass op 15 Persoune reduzéiert a soumat ass eng Aschreiwung obligatoresch. Umelle soll ee sech iwwert den entspriechende Formulaire, un deen och eng Kopie vun der Aschreiwung an der Universitéit/Héichschoul (am Fall wou déi betraffe Persoun Student ass) drugehaange soll ginn. Dës Dokumenter musse bis spéitstens de 14. Mäerz 2022 iwwert serviceeducatif@bnl.etat.lu ageschéckt sinn.

D’Course ginn op Lëtzebuergesch, Däitsch an/oder Franséisch ofgehalen, wouduerch een dës dräi Sprooche beherrsche soll. Fir d’Participatioun falen 60€ Fraisen un, an deenen d’Coursen, Verfleegung, ee Kaffi an eng gemeinsam Aktivitéit ageschloss sinn.

All Participant kritt zum Enn vun der Formatioun en Zertifikat, deen eventuell beim zukünftege professionelle Wee vun Notze kéint sinn. Weider Informatioune ginn et op www.bnl.lu.

Annexe:

Dernières nouvelles