Search

You may also like

Pont Viaduc: D’Aarbechte ginn an d’Verlängerung
Kultur Neiegkeeten

Pont Viaduc: D’Aarbechte ginn an d’Verlängerung

D’Stad Lëtzebuerg informéiert doriwwer, datt d’Aarbechte vun der Stroossebauverwaltung um

BnL: Zougang op digital Ressource duerch Online-Aschreiwung
Kultur Neiegkeeten

BnL: Zougang op digital Ressource duerch Online-Aschreiwung

D’Lëtzebuerger Nationalbibliothéik (BnL) mécht elo allen interesséierte Persounen seng digital

Transsexualitéit – de couragéierten Emgang mat der Realitéit
Kultur Neiegkeeten

Transsexualitéit – de couragéierten Emgang mat der Realitéit

Wien mengt, datt Transsexualitéit zu Lëtzebuerg kee grousst Thema ass

BnL: Een Uert fir den intellektuelle Patrimoine, Autonomie an Inclusioun

Nach bis de 25. Abrëll 2020 bitt d’Lëtzebuerger Nationalbibliothéik (BnL) guidéiert Touren duerch d’Gebai an ee Bléck hannert d’Kulissen un. Mat sengen iwwer 1,8 Millioune physeschen Dokumenter zitt dës Plaz vum Wëssen an der Kultur scho laang net méi eleng Akademiker, mee Persoune vun allen Alterskategorien a Beruffsstand un. Ma wann Dir nach virun Ärem éischte Besuch all noutwenneg Informatioune wëllt hunn fir Iech richteg unzestellen, Dir de ganze Ronderëm kenneléiere wëllt oder einfach d’Gebai vu banne wëllt gesinn, dann ass dës Visitt genau dat Richteg fir Iech!

Ënnert eisen zuelräiche Bibliothéike stellt d’BnL op nationalem Niveau nach ëmmer d’Haaptbibliothéik am wëssenschaftleche Beräich duer. Hat ee sech 1973 am ale Gebai vum Athenée bei der Kathedral néier gelooss, esou ass ee sech schonn no engem Joerzéngt dem Plazproblem bewosst ginn. Eng Bibliothéik op siwe Gebaier opzedeele sollt keng dauerhaft Léisung sinn an esou war een iwweraus houfreg, wou no laangem hin an hir um 18. Abrëll 2013 endlech den definitive Gesetzesprojet gestëmmt ginn ass.

D’Architekte vu BOLLES+WILSON hu sech dem Projet ugeholl an vum Opbau an Design hir ee richtegt Schmockstéck entwéckelt. Net nëmme gesäit d’Lëtzebuerger Nationalbibliothéik immens ästhetesch aus a luet zum Léieren ass, ma et huet een d’Raimlechkeeten och a senger Struktur komplett duerchduecht. Dozou awer gläich méi.

BnL

© Shari Pleimelding/moien.lu

Eng multifunktionell Roll

Déi generell Missioun vun enger Bibliothéik ass d’Kollekt an d’Accessibilitéit op laang Dauer vum intellektuelle Patrimoine, sief et a gedréckter oder digitaler Versioun. Ma d’Lëtzebuerger Nationalbibliothéik huet awer och nach eng duebel Identitéit:

D’BnL ass eng Bibliothéik vum Patrimoine: Gesammelt ginn nämlech net nëmme Bicher, mee all Typpe vun Dokumenter an Informatiounen, déi d’Land festhalen a representéieren. Dofir weist ee sech immens houfreg, datt d’Auswiel un der Luxemburgensia konstant klëmmt.

Natierlech handelt et sech awer och ëm eng akademesch Bibliothéik: Aus all Beräich sinn Dokumenter vertrueden. Multilingual an international Wierker bidde vun der Biologie, iwwert Konscht, Philosophie an Technik, bis hin zur Musek, Informatik an Ekonomie kritt de Visiteur dat noutwennegt Material gebueden.

BnL

© Shari Pleimelding/moien.lu

Den éischte Schrëtt

Ma elo fänke mir awer emol vir un. Besicht een d’Lëtzebuerger Nationalbibliothéik, da kann ee just vun der Totalitéit vum Service profitéiere, wann ee sech ugemellt huet. Heivir muss ee just de Formulaire vun der Aschreiwung beim Accueil ausfëllen, d’Carte d’Identité virleeën an op mannst 14 Joer hunn. Direkt op der Plaz kritt een seng personaliséiert Kaart gemaach mat där ee sech an Zukunft Bicher ausléine kann. Donieft kritt een all noutwenneg Informatiounen zum Behuelen an der Bibliothéik.

D’BnL ass esou opgebaut, datt de Visiteur schnell, einfach an autonom säi Material fënnt. Natierlech steet engem d’Personal bei Froen ëmmer zur Verfügung oder et mécht ee vum Service a-z.lu Gebrauch. Mat engem hellen, oppenen Design wëll ee scho vu Bausse weisen, datt et sech ëm een ëffentlecht Gebai handelt. Mam Liessall am Zentrum, de verschiddenen no Thema ugeuerdente Beräicher an zuelräiche Sëtzméiglechkeete kritt een dat typescht Bild vun enger Bibliothéik vermëttelt.

BnL

An der Mediathéik © Shari Pleimelding/moien.lu

Ganz am Zeeche vun der Inclusioun huet d’BnL awer e puer Besonneschkeeten ze bidden. Soubal d’Wierder nees besser gëtt, kann ee sech beispillsweis op d’Terrass zeréckzéie fir ze schaffen. Wëll een am Grupp een Thema beaarbechten, esou erweisen sech déi 11 schalldicht Carrelen als ideal Réckzuchsméiglechkeet. Ass een op der Sich no Nouten, da kann een d’Stéck direkt am Musekssall mam Piano aspillen. Wien eng Sprooch léieren oder och seng Sproochekenntnisser verbessere wëll, dee ka vun den Audiosäll an der Mediathéik gebrauch maachen. A sollt ee Kanner hunn, wëll awer an der Bibliothéik u senger Aarbecht schaffen, esou huet d’BnL speziell Familljenzëmmer unzebidden. Et sollt awer gewosst sinn, datt een de jeeweilege Sall am viraus reservéiere muss.

Vill Luucht, kuerz Weeër an eng aluedend Atmosphär maachen de Besuch an der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik och dann zu engem Erliefnis, wann een just kucken an d’Rou genéisse kënnt. D’BnL (37D, Avenue John F. Kennedy) huet vun Dënschdes bis Freides vun 10:00 bis 20:00 Auer, a Samschdes vun 10:00 bis 18:00 Auer op.

Related topics Aschreiwung, Bicher, BnL, Carrel, Familljenzëmmer, Gruppenaarbecht, Guidéiert Visitt, Inclusioun, Literatur, Luxemburgensia, Musekszemmer, Nationalbibliothéik, Patrimoine, Terrasse, Wëssen
Next post Previous post