Search

You may also like

ARC Kënschtlerkrees – Expo am Casino 2000
Kultur Neiegkeeten

ARC Kënschtlerkrees – Expo am Casino 2000

Nach bis den 10. Oktober stellen 18 Kënschtler an een

Flüchtlingslager op Lesbos steet a Flamen
Kultur Neiegkeeten

Flüchtlingslager op Lesbos steet a Flamen

Zu Moria huet ee groussen Deel vun de Flüchtlingen d‘Lager

Miss a Mister Lëtzebuerg 2019 sinn?
Kultur Neiegkeeten

Miss a Mister Lëtzebuerg 2019 sinn?

Nach am Dezember haten si sech an der Pinacothéik zu

Konscht an de Wolleken: D’Boeing 737 am Sumo-Design ass gestart!

Konscht an de Wolleken: D’Boeing 737 am Sumo-Design ass gestart!

A ganz Lëtzebuerg sinn dem Artist Sumo seng Wierker, déi sech duerch d’Figur mat Sonnebrëll a spatzer Nues kennzeechnen, schonn ze fannen. Zesumme mat der Luxair duerft de kreative Kapp en eenzegaartege Projet verwierklechen. Ab haut dréit d’Boeing 737 am liewege Sumo-Design de positive Message duerch d’Wolleken!

Ganzer 200 Stonnen Aarbecht eng eng 11-käppeg Ekipp stiechen hannert dem risege Konschtprojet vum Sumo. Mam Vol LG3770, deen haut kuerz viru Mëtteg gestart ass, soll ervirgehuewe ginn, datt no de schwéiere Méint wärend der Pandemie d’Freed um Reesen zeréck komme soll.

Sumo

© Luxair / Facebook

Mat liewege Faarwen a positive Messagen ass dëst wuel déi originellst Presentatioun vun engem Konschtwierk, déi ee säit Laangem gesinn huet – quasi eng fléiend Expo. Zesumme mat Luxair gouf dem Sumo seng Iddi ausgebaut a schliisslech mat Stickeren ëmgesat, déi an akribescher Detailaarbecht op de Fliger projezéiert gi sinn.

De Sumo erkläert heizou: „D’Kollaboratioun war spannend. Mir hunn alleguer 24 Stonnen op 24 geschafft, fir all Detailer ze schützen. Déi lescht Kéier wou ech mech esou enthusiastesch gefillt hunn war, wou ech mech op déi grouss Ouverture vu menger Konschtgalerie preparéiert hunn. Et war e Pleséier an e Privileeg mat esou enger formidabeler Ekipp schaffen ze dierfen, déi all Iddi konkretiséiert huet.“

Sumo

Fir hien ass et e stimuléierende Projet, duerch deen den Artist hofft, Motivatioun vermëttelen ze kënnen an d’Freed um Reesen zeréck ze bréngen. Ze gesinn ass d’Konschtwierk op enger Boeing 737-800 (LX-LGU) an enger De Havilland Q400 (LX-LGA).

Opmaacherbild © Luxair / Facebook

Related topics Boeing 737, Design, Faarf, Kollaboratioun, Konschtwierk, Luxair, Pandemie, Reesen, Sticker, Sumo, Vakanz, Vol LG3770
Next post Previous post