Search

You may also like

Washington huet de Steve Bannon zréck
Stories

Washington huet de Steve Bannon zréck

Nodeems zu Bréissel alles säi Wee leeft, huet de Steve

Donnerschlag zu Washington: Den Trump aus den eegene Reien ugegraff
Stories

Donnerschlag zu Washington: Den Trump aus den eegene Reien ugegraff

Zwee republikanesch Senateuren hunn en Dënschdeg op spektakulär Aart a

Thailänner zefridde mat der Militärjunta?
Stories

Thailänner zefridde mat der Militärjunta?

Während d‘Majoritéit vun den Observateuren déi oppositionell „Pheu Thai“ Partei

Bojack Horseman ass depriméierend, an dat ass gutt esou

Et dierft een um Animatiounsmaart wuel kaum eng esou komesch Serie fannen ewéi Bojack Horseman. Dobäi ass dat elo alles aneres als e konservativen oder langweilege Maart. Ma trotzdeem bréngt des Netflix-Produktioun elo schonn a senger véierter Staffel et fäerdeg, d’Kritiker ze begeeschteren. An et gëtt net langweileg.

Beim Bojack Horseman geet et ëm en antropromorphescht Päerd, dat mol eng Kéier an de 90er Joren dank enger mëttelméisseger Sitcom zum absolute Star erop komm ass. Den Ofstuerz war genau sou brutal wéi viraus ze gesinn: Drogenexzesser a Sex mat ville wiesselnde Partnere waren déi typesch Steigerung fir seng Karriär, hunn en awer vereinsame gelooss an him och de Sënn vum Liewe geholl.

Der Vergaangenheet kann een net aus dem Wee goen

Hei setzt dann och déi véiert Staffel un: Wat ufanks wéi eng Selbstfindungsreess vum Bojack start, weist spéider d’Tragik vun der eegener Vergangenheet an däer vun der eegener Famill op. Enorm ass dobäi, wéi wéineg sech d’Serie zeréck hält an och emotionalen a physeschen Abus an der Famill op scho bal grotesk Aart plastesch duerstellt. Datt d’Serie dobäi trotz allem nach witzeg bleift, ass do schonn eng Meeschterleeschtung.

De perfekte Plot-Twist, deen sech duerch des Staffel zidd ass dem Bojack seng Duerschter, déi aus dem Näischt optaucht an no hirer Mamm sicht. Gläichzäiteg muss sech de Bojack selwer mat senger eegener Mamm ausernee setzen, déi en am léifste vergiesse géif. Nei Abléck an d’Figuren erginn sech dobäi konstant, och bei de Niewefiguren. An och wann net all Pointe klappt, ënnerhällt des Serie exzellent, ouni dobäi e gewëssenen Usproch ze vergiessen.

Bei der véierter Staffel stellt sech och d’Fro, op een elo sech soll duerch déi ganz Serie kucken. Oft genuch si spéider Staffele besser, wéi mi fréier. Dat stëmmt bei Bojack Horseman duerchaus: Virun allem déi éischt Staffel deet sech schwéier, een ze iwwerzeegen. Mee d’Folgen si mat 25 Minutte relativ kuerz an ab der zweeter Staffel kuckt een net méi zeréck. Absolut kuckenswäert also!

 

Related topics Bojack Horseman, Kultur, Netflix
Next post Previous post